Zum Haaptinhalt sprangen

News

News



Eischt Viregt Nächst Lescht

Réiser Sports- a Schoulfest 2008. Freides den 11. Juli 2008

25.06.2008

Sportsfest:
09.00-12.00 Auer Fussballtournoi a Lafen.
Ab 16.00 Auer Schoulfest am Schoulhaff vun der Krautemer Schoul.

Schoulfest:
16.00-18.00 Auer Spiller. (Face Painting, Streetball, Intefëschen asw.)
18.00 Auer Showmatch Fusball Léierpersonal-Kanner
19.00 Auer Talentshow (Kanner)
21.00 Loftballoën fléie loossen.
Fir Iessen an Drénken ass gesuergt!
 Pdf.pdf (241 KiB)



Invitatioun: Bistro Pédagogique & Soirée Débat - Donnesteg 19.06.2008

09.05.2008

Präsentatioun a Virféierung vun pädagogeschen Dokumentarfilmer a Präsenz vum bekannte Pädagog Jacques Duez a vum Réalisateur Wilbur Leguebe.
No der Virféierung besteht d'Méiglechkeet fir sech bei engem Patt an der Aula vum Centre culturel mat KollegInnen aus dem ganze Land auszetauschen.

Umeldung und Détailer zur Veranstaltung iwwert folgende Link: www.olefaschool.org



Airtramp zu Réiser

10.03.2008

Mat grousser Freed hu mir e Freiden, den 29. Februar eisen éischten Airtramp entgéingt geholl. Well et net ouni Fromatioun erlabt ass en Aurtramp ze benotzen waren dann och dann direkt de Weekend vum 29. Februar op den 2. Mäerz 20 Enseignanten an Educateuren aus der Gemeng un dëser Formatioun bedeelegt! E grousse MERCI der Gemeng fir dësen flotten a wichtegen Akaaf!



D'Aarbechten um Schoul- a Sportkomplex zu Krautem gi weider

09.03.2008

Säit 2003 sinn d'Embau- a Moderniséierungsaarbechten um Schoul-a Sportkomplex zu Réiser am gaang. Lues awer secher helt daat ganzt Formen un an déi éischt Reimleichkeeten kënnen dann och scho genotzt ginn. Déi modern Vestiairen si säit e puer Deeg fir jiddereen erem op.
 Pdf.pdf (264 KiB)



Kannerkonschtnomëtteg

18.02.2008

E Sonndeg den 17. Februar huet d'Kulturkommissioun en éischten Kannerkonschtnomëtteg organiséiert. Ronn 50 Kanner sinn vun 5 Animatricen a verschidden Techniken agefouert ginn: Acryl, Monotypie, Holz, Wuesfaarwen an Illustratioun mat gemëschten Techniken stoungen um Programm.
Eischte Reaktioune no huet ët ville Kanner immens gudd gefall a voller Stolz hunn si hier Meeschterwierker den virwëtzegen Eltere präsentéiert.
Enger zweeter Editioun steet deemno näischt méi am Wee.



Fuesend 2008

01.02.2008

Den 29. Januar wor e flotte Fuesbal fir di Kleng an duerno eng Fuesdisko fir di Grouss am Centre Culturel zu Béiweng. Um Programm stoungen vill flott Spiller an ët gouf gedanzt. Den Zauberer Tinni Balli huet eng Rëtsch Zaubertricker zum Beschten ginn.
Den Erléis vum Bal ass fir d'asbl Colonie de Vacances.



Chrëschtfeier Dezember 2007

21.12.2007

Op der Krëschtfeier sin dëst Joer d'Madame Fernandez, an déi Hären Feidt an Thinnes, déi allen dräi 2007 hier Pensioun ugetrueden hun, fir hier laang Déngschter an der Gemeng geéiert gin.

Mir wënschen hinnen vun hei aus nach eng spannend Zukunft a wëllen virun allem dem Camille Thinnes villmols merci soen fir säin Engagement ëm d'Schoul.

Merci Arthur Sinner

Virun allem wëlle mer awer eisem Buergermeeschter dem Arthur Sinner merci soen, dat bei him d'Suerge vun der Schoul, de Kanner an den Enseignanten ëmmer un éischter Stell koumen. Mir wëllen och drun erënneren, dat kaum e vun den Enseiganten déi am Moment zu Réiser aktiv sin jeemols en aanere Buergermeeschter zu Réiser kenne geléiert huet. Dat muss een dem Arthur Sinner emol nach nomachen.



Schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch

20.12.2007

No engem flotten an erfollegräichen Chrëschtmaart wënsche mir schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an d'Joer 2008!!!



Chrëschtmaart 2007

03.12.2007

E Mëttwoch de 19. Dezember ass vun 16 bis 20 Auer eise Chrëschtmart zu Réiser an der Kantin. De Chrëschtmart get vun de Kanner an den Enseignanten aus der Réiser Gemeng organiséiert. (Mat frendlecher Ennerstetzung vun de Gemengenaarbechter an de Leit aus der Kantin.)

D'Kanner präsentéieren hier flott Bastelaarbechten a fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt!

D'Kantin ass vis-à-vis vun der Gemeng! Jiddereen ass wëllkomm!



Rentrée 2007/2008

17.09.2007

Dat neit Schouljoer fänkt e Méindeg, de 17. September 2007 unn. Horaire vum éischten Schouldag:
  • Spillschoul:
    07:45 - 11:30 an 14:00 - 16:00

  • 1. bis 6. Schouljoer:
    07:45 - 11:40 an 14:00 - 16:00
>> Klassen 2007/2008



Eischt Viregt Nächst Lescht