Zum Haaptinhalt sprangen

Grondschoul vu Réiser

Kannerkonschtnomëtteg

18.02.2008

E Sonndeg den 17. Februar huet d'Kulturkommissioun en éischten Kannerkonschtnomëtteg organiséiert. Ronn 50 Kanner sinn vun 5 Animatricen a verschidden Techniken agefouert ginn: Acryl, Monotypie, Holz, Wuesfaarwen an Illustratioun mat gemëschten Techniken stoungen um Programm.
Eischte Reaktioune no huet ët ville Kanner immens gudd gefall a voller Stolz hunn si hier Meeschterwierker den virwëtzegen Eltere präsentéiert.
Enger zweeter Editioun steet deemno näischt méi am Wee.