Grondschoul vu Réiser

Chrëschtfeier Dezember 2007
21.12.2007Op der Krëschtfeier sin dëst Joer d'Madame Fernandez, an déi Hären Feidt an Thinnes, déi allen dräi 2007 hier Pensioun ugetrueden hun, fir hier laang Déngschter an der Gemeng geéiert gin.
Mir wënschen hinnen vun hei aus nach eng spannend Zukunft a wëllen virun allem dem Camille Thinnes villmols merci soen fir säin Engagement ëm d'Schoul.
Merci Arthur Sinner
Virun allem wëlle mer awer eisem Buergermeeschter dem Arthur Sinner merci soen, dat bei him d'Suerge vun der Schoul, de Kanner an den Enseignanten ëmmer un éischter Stell koumen. Mir wëllen och drun erënneren, dat kaum e vun den Enseiganten déi am Moment zu Réiser aktiv sin jeemols en aanere Buergermeeschter zu Réiser kenne geléiert huet. Dat muss een dem Arthur Sinner emol nach nomachen.


D'Lëscht vun sénge Verdéngschter ëm den Enseignement géng op allefall ze laang gin fir op dës Säit, dofir wëlle mir him just ausdrécken dat mir him vill ze verdanken hun, an him a sénger Fra eng laang Gesondheet a vill Gléck fir hier zukünfteg Joeren am Privatliewe wënschen.
Gläichzäiteg freeë mer eis natirlech op eis Zesummenaarbecht mat eisem neie Buergermeeschter dem Tom Jungen a wënschen him och eng gudd Hand an sénger neier Positioun.