News
News
Bierchem Pavillon leeft 6 Marathons
20.06.2007Ronn 70 Kanner tëscht 4 an 9 Joër sinn haut jiddereen a sengem Tempo e Parcours vu 500 Meter tëscht der neier Schoul an dem neie Jugendhaus gelaf. Dobäi goufen zesummen 258,5 Kilometer gelaf, dat ass d'Distanz vun 6 Marathons !
A wann ët nët esou gereent hätt, géinge verschiddener elo nach laafen ;-)
Schoulfest
09.06.2007E Samschdeg, den 9. Juni fënd vun 12 bis 18 Auer um Herchesfeld eist Schoulfest statt. Fir d'Kanner gi flott Spiller ugebueden an et fënd ee Moudendéfilé mat selwer entworfene Kleeder statt. Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech gesuergt. Den Erléis vum Schoulfest geet un d'Colonies de Vacances asbl.
E Sondeg, den 10. Juni fënd um Herchesfeld ab 10 Auer och de Fit a Fun am Réiserbann statt, wou kleng a grouss un diversen sportlechen Aktivitéiten deelhuele kënnen.
LASEP
31.05.2007An der LASEP-Rubrik sinn elo nei Foto-Galerien vunn den Aktivitéiten online, déi mir a läschter Zäit zesummen ënnerholl hunn. Vill Spaass!
Billerexpo
23.05.2007Als Ofschloss vun eisem Konschtprojet stellen mir eis Biller (op Toile am grousse Format) an der Gemeng aus.
Et hu matgemach d'4., d'5. an d'6. Schouljoer vu Crauthem.
De Vernissage as den 24.05 um 19.30 Auer am Festsall vun der Gemeng.
D'Ausstellung as duerno och nach op e Freideg den 25.05. vun 16.00-18.00 an e Samsdeg den 26.05. vun 15.00-17.00 Auer.
Porte Ouverte am Pavillon
30.04.2007E Samsdeg, den 5. Mee ass zu Bierchem an der neier Schoul vun 10-12 Auer "journée portes ouvertes".
Tschäriti - Gala
22.04.2007Den 28. an 29. Abrëll ass di 2. Editioun vum Tschäriti Gala am Festsall vun der Réiser Gemeng. D'Schoulkanner sangen, danzen, zauberen, spillen Theater a villes méi. Den Erléis ass fir e gudden Zweck.
Konscht-Event: 29.3.07
20.03.2007Dat 1. Konschtevent ass Donneschdes, den 29. Mäerz vun 16h00 - 20h00 am Festsall vun der Réiser Gemeng. D'Kanner an d'Enseignanten versteen hir Konschtwierker zu Gonschten vun der asbl Colonie de Vacances.
Fir de klengen Honger an de groussen Duuscht ass och gesuergt
Fuesbal
15.02.2007Mir feieren d'Fuesend en Donneschdeg, de 15. Februar 2007 am Centre Cuturel zu Béiweng. Vun 3 bis halwer 6 Auer sin déi Kléng bis 2. Schouljoer un der Rei, vu 6 bis 8 Auer weisen d'Boken vum 3.bis 6. Schouljoer hir Verkleedungen. Wéi ëmmer ass fir Iessen, Gedrénks a Konfetti gesuecht. Déi schéinsten an originelste Boken kréien e Präis.
Galileo Science Mobil
31.01.2007Vum 29. Januar bis den 2. Februar ass de Galileo Science Mobil am Haff vun der Krautemer Schoul ze gesinn. Thema vun dësem Joer ass "Trickkiste Natur". D'Kanner vum 4. bis 6. Schouljoer kënnen mat der Klass staunen an experimentéieren.
Konscht Projet iwwert de Franz Marc
16.01.2007D'Kanner aus dem 3. Schouljoer vum Jeanne Scholtes hu sëch mam Moler Franz Marc beschäftegt, eege Biller am Stil vun dësem Kënschtler gemolt an Texter dozou geschriwwen.
>> Zu de Konschtwierker