News
News
Chrëschtmaart 2006
30.11.2006Loscht op Raclette, Glühwäin(natierlech och ouni Alkohol!), Käschten,... a flott Bastelaarbechten. Da komm den 20. Dezember no 16 Auer op eise grousse Chrëschtmaart an der neier Kantin (vis-à-vis vun der Gemeng)! Jiddereen ass wëllkomm!
Net ze vergiessen ass de Chrëschtmaart vun der aler Bierchemer Schoul deen den 13. Dezember ass! Natierlech ass och do jidderee wëllkomm!
d'Schoul ass do !
24.10.2006Di nei Schoul koum pünktlech un an si gët och pünktlech fäerdeg. No der Allerhelljenvakanz dierfen die kleng Bierchemer Kanner an der neier Schoul ufänken. Bis dohinner mussen awer nach vill Këschten geplënnert an vill Miwwelen opgeriicht ginn.
Nei Schoul zu Bierchem
08.10.2006Endlech ass ët esou wäit. Di nei Schoul, déi an Däitschland "virfabrizéiert" gouf, mécht sech den 9. Oktober op schwéieren Fernlasteren op de Wee op Bierchem. Wann alles gudd leeft, ass schon Freides den 13. Oktober alles opgeriicht an d'Spillschoulen an d'Ënnergradklassen kënnen wéi virgesinn an der Allerhelljenvakanz plënneren.
Am Wikiprojet vun der Bierchemer Schoul kënnt Dir Ierch Fotoen aus der Fabrik ukucken.
Schoulufank 2006-07
11.09.2006D'Rentrée scolaire ass e Freideg, de 15. September 2006!
D'Dauer vum éischte Schouldag:
. fir d'Spillschoulen: vun 7.45 bis 11.30 Auer
. fir d'éischt bis d'sechst Schouljoer:
vu 7.45-11.40
All d'Klassen si nomëttes frei. De Schoulrestaurant geet Méindes, den 18. Spetember 2006 erëm op.
Nei Schoul zu Bierchem
01.09.2006Di nei Schoul (rue du chemin de fer) zu Bierchem gët leider nët mat Zäiten fir de 15. September fäerdeg. Dofir hunn d'Enseignanten zesummen mat den Responsabelen no enger Léisung gesicht fir di éischt 6 Schoulwochen ze iwwerbrécken an e qualitativen Unterrecht ze garantéieren. D'Kanner bleiwen bis d'Allerhelljenvakanz um Site vun der aler Bierchemer Schoul. Dëst evitéiert, dass d'Kanner an engem Chantier mussen léieren, an d'Geplënners fënnt och nët an der Schoulzäit statt, sou dass Perturbatiounen vun den Schoulstonnen evitéiert ginn.
Mir hoffen di concernéiert Elteren a Kanner hunn dofir Versteesdemech.
Schoulfest zu Crauthem
05.07.2006Zum Joresoofsschloss organiséiert d'Colonie de vacances a.s.b.l. eist traditionellt Schoulfest an der Crauthemer Schoul en Donneschdeg, den 13. Juli 2006. Um Programm sti Spiller fir Kanner vun all Alter, eng Tombola fir Grouss a Kléng, den Optrëtt vun eise Kanner am Kader vun "Réiser sucht den Superstar"asw. Fir Iessen an Drénken ass gesuergt.
Journée d'information
15.06.2006De 15. Juni huet zu Réiser een Informatiounsdag fir d'Léierpersonal stattfond, wou Seminairen zu den Themen Aarbechtskultur, Teamaarbecht, gruppendynamesch Aspekter a Konfliktfähegkeet ugebueden goufen.
Virtreeg goufen gehalen vun dem Här Christian Staquet, dem Här Wener Mosel, dem Dr. Markus Jensch an der Madame Susanne Goldstein.
Dir kënnt iech elo d'Fotoen vun desem Dag online ukucken.
Sproochevakanz zu Nanzeg
12.06.2006Vum 15. bis den 29. Juli 2006 kënne lëtzebuerger Schüler d'Beherrschen vun der franséischer Sprooch an enger flotter Sproochevakanz perfectionnéieren. Dës Vakanz ass zu Nanzeg (Nancy). D'Kanner a Jugendlëch wunnen bei franséische Familien. Während de Wochendeeg huelen se moies u Perfectionnementscoursen deel, mëttes stin ëmmer interessant Aktivitéiten um Programm. Owes an um Weekend sin si matt hirer Gaaschtfamill zesummen. Weider Renseignementer kritt der beim Service National de la Jeunesse SNJ, 2346 Lëtzebuerg, tel: 478 64 65.
(photos: Office de tourisme de Nancy)
Kabaret 2006: Wou fléie mer hin?
26.04.2006D'Klassen vum Géraldine Hammerel an vum Françoise Zens (Bob Dupong) spillen hire Kabaret"Wou fléie mer hin?" dësen Donnesdeg, de 27. Abrëll an en Dënsden, den 2. Mee 2006 am Festsall vun der Réiser Gemeng. Ufank ass um 19.00 Auer. 3 weider Viirstellungen sin de Schoulklassen viirbehaal. Mir gin zesummen op d'Rees mat engem Teppëch, dee fléien kann an besichen sou munch Länner.
Kannerforum vun de Réiserbänner Schoulen
07.04.2006Kannerforum vun den Réiserbänner Schoulen
Hallo Kanner !!! Op eisem Internetsite gët et och e Kannerforum op deem dir mat äre Frënn zou allen Themen mateneen diskutéieren kënnt-an daat och vun doheem aus. Leider ass en an der läschter Zäit a Vergiessenheet geroden, well dir hutt schons laaaaaang neischt méi drop geschriwwen. Elo geet d'Vakanz jo geschwënn un an dann hutt dir bestëmmt Zäit fir dësen Deel vum Site erëm ze beliewen! Schreiwt zu denen Themen, déi iech wichteg sin!
Dir kommt dohinner wann der op der Home-Säit an der Këscht "Aktuell" op de Link Kannerforum klickt.
Dir sollt dobäi folgend Regelen befollegen:
Dir kënnt op däitsch, lëtzebuergesch oder franséisch schreiwen.
Keng Frechheeten a kee vernennen !!!
De Forum ass keen Chat, schreiwt w.e.g. nët nëmmen Eenzeiler!
Sidd schlau bei der Auswiel vun ären Titelen, sou datt en direkt erkennt ëm wat ët geet.