Zum Haaptinhalt sprangen

News

News



Eischt Viregt Nächst Lescht

Schoulsportswoch vum 4. bis den 7. Abrëll

26.03.2006

D'Schoulsportswoch ass an eiser Schoul vum 4. bis de 7. Abrëll 2006. Fir datt all Kand d'Méiglechkeet huet séch aktiv ze bedeelegen ass den Ooflaaf de folgenden:

- de 4. an 5. Abrëll huelen d'Spillschouls- an d'Ënnergradsklassen un den Aktivitéiten Deel.
Mëttwochs mëttes ass e Fussballsfest fir déi Kléng
- de 6. an de 7. Abrëll bedeelegen séch d'Klassen vum Mëttel-an Uewergrad un den Atelieren
Freides mëttes ass e Fussballsfest fir déi Grouss



Ausstellung zu eisem Déiereprojet

26.03.2006

D'éischt an d'zweet Schouljar hunn zesummen un engem Déireprojet geschafft, nodeems mir an der Beeteburger Zooschoul waren. D'Resultat ass lo an enger Ausstellung um 1. Stack ze gesinn.

Dir sidd alleguer häerzlech invitéiert, Iech des Ausstellung ukucken ze kommen vum 27. - 31. Mäerz 2006.

Brigitte Claerebout, Martine Di Tullo, Cynthia Feidt, Gaby Heijnsbroek








Tschäriti Gala - sold out !

24.03.2006

Eis Tschäriti Gala ass esou e groussen Succès, dass de Sall ze kléng ass ! Dat freet eis natierlech, mee ët huet missen séier eng Léisung fonnt ginn. Dofir gouf spontan decidéiert eng zweet Show den 2. Abrëll ze programméieren. Mir hoffen op Iert Versteesdemech. Wann Dir nach keng Plazen hutt a wëllt reservéieren, wennt Ierch un een vun den Enseignanten. Villmools Merci.



Tschäriti Gala

07.03.2006

Sonndes mëttes, den 26. Mäerz ass am Festsall vun der Gemeng eng grouss "Tschäriti Gala". Kanner aus de Réiserbänner Schoulen spillen Theater, danzen a sangen fir e gudden Zweck.
Den Erléis ass fir d'ONG "Infante" zu Cochamba an Bolivien.
Natierlech gët ët och e Maufel z'iessen an e Pättchen ze drénken.
Méi Informatiounen an den defintiven Programm kënnt an den nächsten Deeg.



Televie

23.02.2006

Kanner aus der Bierchemer Schoul woren d'lescht Woch bei RTL am groussen Studio fir an engem Videoclip matzesangen. "Sunny Days" heescht dat neit Lidd, dat dëst Joër d'Campagne vum Télévie ënnerstëtzt. D'CD an de Videoclip ginn an den nächsten Deeg virgestallt.
D'Kanner hu Berichter geschriwwen, e Virgeschmaach op de Clip gët ët och, kuck eis Fotoen .



Mir feieren d'Fuesend

12.02.2006

Den 23. Februar 2006 feiere mer d'Fuesend zu Béiweng am Centre Culturel.

· Fuesbal fir d'Kanner vun der Précoce bis 2. Schouljoer vun
14.30 bis 17.30 Auer
· Fuesdisco fir déi méi Grouss vum 3. bis 6. Schouljoer vun
18.00 bis 20.00 Auer

Déi schéinste Boken gi priméiert, souwuel bei de Kanner wéi bei den Erwuessenen!

Präisser vun den Entréesbilljeëen sinn déi folgend:

· Am Virverkaaf fir d'Kanner 2€ a fir déi Erwuessen 3€.
D'Kanner kréien hei och nach 1 Gedrenks gratis.
· An der Keess den Dag selwer fir d'Kanner 2€ awer ouni
Gedrenks, a fir déi Erwuessen 4€.

De Viirverkaaf vun den Entreesbilljeëen ass Freides, den 17. Februar an der Schoul.

Mir soen Iech am viraus Merci fir ärt Versteesdemech dat mer d'Festivitéit hu missen an zwee Deler splécken a bieden Iech härzlech Iech un d'Altersbeschränkungen ze halen. D'Räimlechkeet zu Béiweng erlaabt eis leider nët all Kanner zesumme feieren ze loossen an dobäi nach d'Sécherheet ze garantéieren.

(Bildquell: Indian Head Resort - Lincoln NH)



Comenius Projet

22.01.2006

D'Bierchemer Schoul plangt zesummen mat Schoulen aus Eisträich, Ungarn a Polen en SOCRATES / COMENIUS Projet duerchzeféieren mam Titel "Lernen für die Zukunft in einem gemeinsamen Europa". De Weekend vum 21. Januar wor en éischten Meeting zu Absdorf an Eisträich, wou den "Dossier de Candidature" ausgeschafft gouf.
Wann di national Agenturen den Dossier akzeptéieren, leeft de Projet am September 2006 un.
Fir weider Informatiounen lies ganz einfach eisen Bericht!




Projekt Klimabündnis

23.12.2005

Die 5. Klasse von Géraldine Hammerel und die 6. Klasse von Françoise Zens wurden ausführlich von Herrn Mirkes in das Thema Regenwald, anhand von Dias, eingeführt und sollten dann zusammen mit Michel Müller, einem deutschen Künstler, und dessen Frau Elisa, die im Regenwald zur Welt kam und dort aufwuchs, den Regenwald anhand von Bildern repräsentieren.

Unsere Bilder




Schéi Feierdeeg !

21.12.2005

Mir wënschen alle Kanner, Elteren, Frënn a Visiteuren schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joër.
D'Equipe vu roeserschool.lu



Krëschtmaart

07.12.2005

D'asbl "Colonie de Vacances" invitéiert e Mëttwoch, den 14. Dezember vun 4 Auer un op hire traditionelle Krëschtmaart.
An der Crauthemer Schoul verkafen d'Kanner op ville Stänn flott Dekoratiounsartikelen, an e gudde Maufel däerf natierlech och nët feelen: um Menü stinn Kaffi a Kuch, Paangecher, Croque Monsieur, waarm Wirschtecher mat Sauermous, ...
bis dann !



Eischt Viregt Nächst Lescht