Zum Haaptinhalt sprangen

News

News



Eischt Viregt Nächst Lescht

Mady Delvaux-Stehres op Besuch zu Réiser

30.09.2005

Den 29. September koum d'Educatiounsministesch, d'Madame Mady Delvaux-Stehres op Réiser fir sech iwwer déi verschidden Projeten ze informéieren, déi am Moment an eise Schoulen fonctionnéieren. A Begleedung vum Schäfferot an der Inspektesch, Francine Vanolst, goung d'Visite zu Bierchem (Projet "schoulID") un, duerno goung ët op Crauthem, wou eis Mediathéik, D'EDIFF an den Filmprojet virgestallt goufen.



Rentrée 2005/2006

15.09.2005

No enger laanger an erhuelsamer Vakanz fänkt en Donneschdeg, den 15. September d'Schoul erem un. Den éischten Schouldag kommen d'Kanner direkt ganz normal um 7:45 an d'Schoul a bleiwen bis 11:30 (Spillschoul) resp. 12:15 (Primärschoul).



Schoulfest 2005

04.07.2005

Als Oofschloss vum Schouljoer 2004/2005 ass en Donneschdeg, de 14. Juli vu 15.00 bis 21.00 Auer am Haff vun der Crauthemer Schoul, der Précoce an der Spillschoul eist grousst Schoulfest.

Vun 15.00 bis 18.00 Spiller am Schoulhaff:
Elefantespill, Gesichter molen, Mikado, Mensch ärgere dich nicht...…

Ab 18.30 Auer: Grousse Spektakel

Course parrainée
Wie fiert um längsten? Eng Ausdauerkurs fir all d'Schüler: déi Kleng fuere am Haff vun der Précoce an der Spillschoul ronderëm d'Schoul, déi Grouss weisen um Hometrainer wat se drop hun.

Kulinaresches:
Fir Iessen (Gegrilltes, Chicken Nuggets, Fritten, Eisekuchen a Kaffisstuff) a Gedrénks ass gesuergt.

Den Erléiss vum Fest kënnt der Colonie de vacances zu gutt, déi all Joer déi Klassen, déi an d'Colonie fueren, ënnerstëtzt.

Fotoen uweisen



Coupe scolaire

24.05.2005

Am 26.Mai findet für die Schüler des Obergrades der crauthemer Schule die Coupe Scolaire statt.

Die Coupe Scolaire wird organisiert von der Elternvereinigung unserer Gemeinde in enger Zusammenarbeit mit dem Lehrpersonal und der Gemeinde. Auch die Polizei ist über die Coupe Scolaire informiert.

Nach der schriftlichen Prüfung in den Klassen des 5. und 6. Schuljahres am Mittwoch, steht am Donnerstagmorgen eine Fahrprüfung auf einem Rundkurs durch die Dörfer Crauthem und Roeser statt. Zuvor werden die Fahrräder der Schüler einer technischen Kontrolle unterzogen.

Das Tragen des Helmes ist natürlich obligatorisch.

Fotos anzeigen (17)



Natur erliewen

18.05.2005

E Freideg den 13 Mai woren Klassen vum Denise Ruppert, Liliane Cruchten an vum Geraldine Hammerel e ganzen Moien ob Kockelscheier an Haus vun der Natur. Do hunn Kanner Natur durch verschidden flott Spiller besser kennen geléiert.

Fotoen an Texter



Assemblée Générale vun der Colonies de Vacances asbl

02.05.2005

En Dënschdeg, den 3. Mai 2005 um 20 Auer invitiéiert d'Colonies de Vacances asbl op hir jährlech Assemblée Générale an den Pavillon Francis Klein am neien Réiser Gemengenhaus. Niewend dem Rapport de Caisse an der Wahl vun den neien Commitésmemberen get och een klengen Film iwert d'Aktivitéiten vun desem Joer gewisen.



Leit vun Turi op Visite an der Schoul

22.04.2005

De Buergermeeschter vun Turi mat Schoulkanner vu Réiser, déi och aus Italien stamen a gutt Italienesch schwetzen.



Besuch aus Turi (Puglien-Italien)

22.04.2005

Extra fir d'Aweihung vun eiser Gemeng as och eng Delegatioun aus Turi ugereest.
E Freideg de mueren kommen sie sëch d'Schoul ukuken.



Eis nei Gemeng

22.04.2005

Haut gët eis nei Gemeng offiziell ageweiht.



Schoulsportsdeeg 2005

25.03.2005

Mëttlerweil ass et scho bal eng Traditioun, dass och an der Réiser Gemeng virun der Ouschtervakanz den nationalen Schoulsportsdaag ofgehalen gët. Aus organisatorëschen Grënn gouf dëst Evenement awer erem op 2 Deeg opgedeelt: Während d'Kanner vum 3. bis 6. Schouljoer den Sportsdag donneschdes haten, koumen d'Spillschoulskanner an d'Kanner vum 1. an 2. Schouljoer freides drunn.

Um Programm stoungen ganz ënnerschiddlech Aktivitéiten, ënner anerem Karate, Judo, Self-Defense, Dëschtennis, Handball, Velo, Lafen, Step-Aerobic an Tauchen. D'Kanner kruten vun der Gemeng och eng kleng Stärkung an een flotten Souvenirs-T-Shirt offréiert.

Een Décken Merci nach eng Kéier un all d'Veréiner a Persounen, déi bei der Organisatioun an Duerchféierung vun desen flotten Deeg matgehollef hunn!




Eischt Viregt Nächst Lescht