Zum Haaptinhalt sprangen

News

News



Eischt Viregt Nächst Lescht

Info-Brochure2005

16.02.2005

De 16. Februar stellt d'Gemeng Réiser eng nei Brochure vir, déi se an Zesummenaarbecht mam Léierpersonal ausgeschafft huet. Sie huet den Titel "Fördermaßnahmen-Mesures d'encadrement" a soll d'Elteren an all un der Schoul interesséiert Leit informéieren, wat fir eng Moossnahmen zu Réiser bestinn fir d'Kanner besser an hierem Léieren ze ënnerstëtzen.




Kinderkasten am Bücherkasten

08.02.2005

INVITATIOUN

Wëllt Dir wëssen, wat de
« Kinderkasten am Bücherkasten » ass ?
Da kommt tëschent dem 15.2. an dem 28.2.
an d'Stad an d'Librairie op 30, rue Notre Dame.

Do waarden eis Lieblingsbicher op Iech,
mat eise Kommentaren a Fotoen.
Eis Bicher freë sech op Iech!

1. an 2. Schouljoer vu Crauthem
an hier Jofferen Martine Di Tullo, Véronique Thill,
Gaby Heijnsbroek a Cindy Schmitt





Fuesbaal vun der Vakanzcolonie

27.01.2005

Fir all Fuesboken ass en Donneschdeg, den 3. Februar Rendez-vous am Centre Culturel zu Béiweng an dat tëschend 15.00 an 18.00 Auer. Fir Animatioun ass gesuecht.

De schéinste Book gewënnt e Preis!

Den Erléis kënnt eise Klassen, déi an d'Colonie fueren, ze gutt.



Gesondheetswoch an eise Schoulen

18.01.2005

An der Woch vum 17. bis den 21. Januar gët an eise Schoulen eng Gesondheetswoch organiséiert. Do gin d'Kanner bekannt gemaach mat denen 3 Iesswuerefamillien, mat gesondem Kaffis-a Pauseniessen a Gedrénks asw. Mä fir ze iwwerzegen, geet d'Schwätzen net dur. All Dag gin aner Klassen an d'Kantin a schmaachen, probéieren a preparéieren gudd a gesond Iessen a Gedrénks. Déi meescht si begeeschtert, an esou hun och schons zwou Klassen decidéiert a Plaz an der Paus Kuch ze verkafen op Uebstzalot ëmzeklammen.

Op enger "Soirée des parents" den 18. Januar um 19.30 an der Schoulkantin zu Crauthem zum nämmlëschten Thema gin dann och déi interesséiert Elteren informéiert iwwert

- déi 3 Iesswuerfamillien
- d'Zesummesetzung vun engem gesonde Frühstück a Pauseniessen
- d'Nährwerter vun den Nahrungsmëttel an
- d'Liesen an d'Interpretéieren vun der Etiquette op der Verpackung vu Liewesmëttelen.

Mee och si därfen a solle schmaachen an esou erausfannen: gesond Iessen ass lecker.





Konferenz iwwer Schreiwen a Liesen

13.01.2005


En Dënschdeg, den 11. Januar haten d'Enseignanten vu Bierchem all d'Elteren an de Centre Culturel op eng Konferenz iwwer "Liesen- a Schreiwenléieren" invitéiert. Ronn 80 Elteren, Studenten a Vertrieder vun der Schoulkommissioun an Inspektorat hunn interesséiert nogelauschtert, wéi dat mam Schreiwen an Liesenléieren "funktionnéiert". Mat klengen Filmer a villen Kannerdokumenter gouf demonstréiert, wéi aus onlieserlechem Gekritzels op eemol Wierder an duerno kleng Geschichten entstinn.
Am Cader vum Bierchemer Projet d'Ecole, wou ënnert anerem versicht gët den Iwwergang vun der Spillschoul an den Ënnergrad méi fléissend ze gestalten, fänken vill Kanner schon an der Spillschoul un, sech fir d'Schrëftsprooch ze interesséieren.



Vill Gléck am neie Joër !

04.01.2005

Mir wënschen alle Leit, déi eisen Internetsite besichen en glécklecht, neit Joër an eng gudd Gesondheet. Och dëst Joër probéieren mir nees vill interessant Saachen op eisen Säiten ze publizéieren.
Ët ass och geplangt den Internetsite "ëmzebauen", eventuell esou guer deem Ganzen en neien "Look" ze ginn. Mee dat dauert nach e wéineg !
Bis dohinn, vill Spaass beim Kucken a Liesen.



Invitatioun: Krëschtmaart

09.12.2004

E Mëttwoch, den 15. Dezember invitéieren d'Schüler an d'Léierpersonal aus der Réiser Gemeng ab 16 Auer op hiren traditionellen Krëschtmaart an der Crauthemer Schoul. Op den Bastelstänn kënnt dir flott Krëschdag-Artikelen kafen. Awer och fir ärt kulinarescht Wuelbefannen ass gesuecht: Et gët Wirschtescher matt Sauerkraut, Raclette, Panescher, Käschten a Glühwäin!

Organisatioun: Colonies de Vacances Réiserbann ASBL




Roeser on Ice

25.11.2004

Den 18. an den 25. November konnten vill Schoulklassen aus dem Réiserbann een flotten an ofwiesslungsräichen Moien op der Kockelscheier Äispist verbengen. D'Fotoen vun eisen jonken Äiskonschtleefer an Akrobaten kënnt dir iech elo hei ukucken.

Een décken Merci un den John Welter, deen dës Aktioun erem organisiéiert huet!

>> Fotogallerie mat 15 Biller




Happy Halloween

30.10.2004




Mir wënschen eng schéin Allerhelljen-Vakanz !




Buchvirstellung: KAROGATTO (mam Guy Rewenig)

30.09.2004

E Freideg, den 8. Oktober stellt de Guy Rewenig säin neit Buch "Karogatto" vir, dat hien zesumme mam Irma Krauß geschriwwen huet. D'Zeechnungen si vum Annick Sinner. All Schüler aus dem 4. 5. a 6. Schouljoer kommen an de Genoss vun dëser Virstellung. Am Buch si Geschichte vu Kazen an vun Hënn.


Link: Eng kleng Hörprobe vum Guy Rewenig (955 kb)



Eischt Viregt Nächst Lescht