Zum Haaptinhalt sprangen

Grondschoul vu Réiser

Gesondheetswoch an eise Schoulen

18.01.2005

An der Woch vum 17. bis den 21. Januar gët an eise Schoulen eng Gesondheetswoch organiséiert. Do gin d'Kanner bekannt gemaach mat denen 3 Iesswuerefamillien, mat gesondem Kaffis-a Pauseniessen a Gedrénks asw. Mä fir ze iwwerzegen, geet d'Schwätzen net dur. All Dag gin aner Klassen an d'Kantin a schmaachen, probéieren a preparéieren gudd a gesond Iessen a Gedrénks. Déi meescht si begeeschtert, an esou hun och schons zwou Klassen decidéiert a Plaz an der Paus Kuch ze verkafen op Uebstzalot ëmzeklammen.

Op enger "Soirée des parents" den 18. Januar um 19.30 an der Schoulkantin zu Crauthem zum nämmlëschten Thema gin dann och déi interesséiert Elteren informéiert iwwert

- déi 3 Iesswuerfamillien
- d'Zesummesetzung vun engem gesonde Frühstück a Pauseniessen
- d'Nährwerter vun den Nahrungsmëttel an
- d'Liesen an d'Interpretéieren vun der Etiquette op der Verpackung vu Liewesmëttelen.

Mee och si därfen a solle schmaachen an esou erausfannen: gesond Iessen ass lecker.