News
News
Schoulfest den 13. Juli
02.07.2004Dënschdes, den 13. Juli ab 16 Auer ass am Haff vun der Crauthemer Schoul eist traditionellt Schoulfest.
Vun 16.00 bis 21.00 Bodykicker am Schoulhaff ! !
Vun 16.00 bis 18.00 Kleng Spiller am Schoulhaff:
Kelespill, Heisser Draht, Baamspill, Pétanque, Rondel an dFläsch, Intefëschen, Braceleen maachen, Gesichter gemolt kréien,
Ab 18.00 Auer: Roeser Sucht den Superstar (Danzen a Gesang)
D'Kanner versichen, sech an den Kategorien "Danzen" a "Sangen (live)" als Superstar ze beweisen.
Kuckt dem Léierpersonal déif an d'Aen
Komm a sich dir däi Formulär fir bei eisem Aen-Quiz matzemaachen vun 16.00 un a gëff en bis 18.00 um Stand of.
Kulinaresches:
Fir Iessen (Paëlla, Gegrilltes, Fritten, Eisekuchen a Kaffisstuff) a Gedrénks ass gesuergt.
Mëttwochs owes, den 14. Juli feieren di Bierchemer Schoulkanner zesummen mat hieren Elteren an dem Léierpersonal d'Enn vum Schouljoër, oder besser gesot, den Ufank vun der Summervakanz.
Wéi all Joër gët och des Kéier erëm gegrillt a fir Animatioun ass och gesuergt.
Den Erléis vun den Schoulfester geet un d'Colonies de Vacanes Réiserbann a.s.b.l. an erlaabt et, de Schoulklassen vu Réiser hir Kolonien ze sponsoren.
Link: Colonies de Vacances Réiserbann
Coupe Scolaire den 27. Mee
22.05.2004![]() ![]() | Wéi all Joer organiséiert d'Elternvereenegung aus dem Réiserbann, an Zesummenaarbecht matt der Sécurité Routière, der Réiser Gemeng an der Schoul, d'Coupe Scolaire. Zweck vun deser Manifestatioun ass et, d'Kanner aus den 5. an den 6. Schouljoer ze léieren, wéi si sech mam Velo richteg op der Strooss verhalen sollen. Am Virfeld gouf an den Klassen d'Theorie präpaéiert an d'Kanner hunn een theoreteschen Test geschriwen. Den nächsten Donnegdeg fueren d'Kanner dann mam Velo een Wee vun enger Véirelsstonn duerch de Réiserbann. Op villen Kontrollpunkten get gekuckt, op d'Kanner sëch un d'Vekéiersreegelen halen (Richtung mam Aarm uweisen, no hannen kucken, Virfahrtsregelen beuerchten...) Tëschent allen Kanner, déi gudd an der Coupe ofschneiden, get zum Schluss een Finalist ausgeloust, deen un der nationaler Final deelhuelen kann. >>> Fotoen vum leschten Joer (Hoffentlech ass d'Wieder dest Joer besser!) |
Journée de Réflexion
07.05.2004E Méindeg den 10. Mee invitéiert de Schefferot an Zesummenarbecht mat der Schoulcommissioun all d'Enseignanten wéi Vertrieder vun Eltern op eng Journée de Réflexion mam Thema:

De ganzen Dag gët am Centre Culturel iwwer dëst wichtegt Thema zesummen diskutéiert. Den Romain Martin, Psychologue op der Uni Lëtzebuerg an den Charles Max, Inspekter, sin responsabel fir d'Moderatioun.
Em d'Organisatioun huet sech en Groupe de Travail bekëmmert.
D'Kanner freen sech bestëmmt besonnesch op dësen Dag, si brauchen nämlech nët an d'Schoul ze kommen.
Aktuelles op eisem Site
02.04.2004An deenen leschten Méint waren eis Schüler erem ganz aktiv. Niewend enger ganzer Reih Bicherbewertungen op eisen Mediathéikssäiten (insgesamt goufen elo iwer 80 Bicher vun eisen Schüler kommentéiert a bewert) an e puer interessanten Einträg an eisem Kannerforum, goufen virun allem bei den Wiki #!*Projeten e puer ganz interessant Aarbechten vun den Schüler / #!*Klassen publizéiert:
![]() | TeamTeaching 5 - D'Kanner präsentéieren hir Lieblingsbicher an hir däitsch a franzéisch Geschichten, déi si geschriwen hunn (z.B. iwert den Wollef Scoubidou). - Ausserdeem ginn et Fotogallerien zu den Ausflig (Drauwelies, Festival des Sciences...) an Aktivitéiten (Bastelen, Schlittfueren, Tauchen...) |
![]() | 4. Schouljoer (Di Tullo) - Wann die schonn ëmmer méi iwert d'Kannerrechter wëssen wollt, da kuckt iech emol de Kanner hir flott Zeechnungen zu dësem Thema un. - Oder hutt dir iech scho mol gefrot, firwart d'Dinosaurier ausgestuewen sinn? - An engem #!*Filmprojet beim Albert Petesch hunn d'Kanner sech mam Film Die geheimnisvolle Minusch beschäftegt. |
![]() | Schoul vu Bierchem - Weess du schon, wat's du spéider emol maachen wëlls? Déi Fro hunn d'Kanner vu Bierchem sech och gestallt, a sech mat verschiddenen Beruffer beschäftegt. Hei get et Texter, Zeechnungen, Interviews a Fotoen vun eisen Visiten an der Aarbechtswelt. - D'Kanner aus dem éischten Schouljoer präsentéieren Texter, déi si zu verschiddenen Billergeschichten geschriwen hunn (vum Globi an och vum Herr Jakob). |
![]() | Alternative Games - Waat ass unn der Schoul besonneg flott? Genau: d'Pausen natierlech! A fir d'Pausen nach méi ofwiesslungsräich ze gestalten, hunn d'Kanner aus den 5. a 6. Schouljoeren an desem klasseniwergréifenden Wiki Projet eng Sammlung mat alternativen Spiller ugefaangen. Des Spiller goufen zum Deel vun de Kanner erfond, zum Deel och einfach just gesammelt. Natierlech kënnen a sollen se och an der Praxis ausprobéiert ginn. Des Sammlung kann zu jidfer Zäitpunkt vervollständegt ginn. |
Schoulsportsdeeg zu Réiser
24.03.2004![]() | Den Donneschten den 1. Abrëll an den Freiden den 2. Abrëll kënnen d'Kanner aus der Réiser Gemeng sech an deenen verschiddensten Sportarten probéieren. Och dëst Joër sin erëm Sportarten derbai, déi een leider nët an der Schoul am normalen Schoulsport ubidden kann. Tauchen, Bouschéissen, VTT, Judo,... sin bei den Kanner dann dofir och enorm beléift! E groussen MERCI un all déi Leit déi hëllefen fir, dass des Sportsdeeg en vollen Erfollëg sollen gin! |
Internationalen Pädagogeschen an Psychologeschen Colloque
20.03.2004Desen Donnegdesch a Freideg hat den Ministère de l'Education Nationale op een Colloque (1re rencontre internationale pédagogie et psychologie - "Hyperactivité": penser la complexité) zu Mondorf les Bains invitéiert.
Ënner anerem hunn och Enseignanten aus der Réiser Gemeng un där Veranstaltung deelgeholl.
Weider Informatiounen an den genauen Ordre du Jour ginn et op der offizieller Säit.
Buergbrennnen
02.03.2004Och dëst Joër woren nees vill vun eise Schoulkanner dobäi, wéi den 29. Februar d'Buergen am Réiserbann verbrannt goufen. Nom Fakelzuch goufen zu Peppéng a Béiweng op de Koppen di zwee Kräizer aus Holz an Stréih ugefaangen, fir den kalen an däischteren Wanter ze verdreiwen.
Duerno hun d'Pompjeen an d'Scouten op en gemittlichen Pättchen mat engem gouden Maufel invitéiert.
Elo brauchen mär just nach ze hoffen, dass de Wanter de Message och verstanen huet an dem Fréijoër Plaz mécht ....
Heeschentour / Jeudi Gras
12.02.2004Den 19. Februar as ët nees esou wäit, da kommen d'Schoulkanner mëttes tëscht 2 a 4 bei Ierch heem schellen fir Saachen ze sammelen, déi Dir nët méi braucht, déi awer nach flott sin a fonktionnéieren.
Mat dësen Objeten organiséieren mir um Schoulfest am Summer eng flott Tombola oder en Floumaart.
Den Erléis vun dëser Aktioun geet un d'asbl Colonie de Vacances.
Nom Heeschentour kréien d'Kanner zu Crauthem an der Schoul nach Schocklasmëllech an Fueskichelcher.
Wantersportgebiet Réiser
30.01.2004![]() | ![]() | De Schnéi huet Réiser kuerzfristeg an en Wantersportgebiet verwandelt! Dank dem Guy (dem coolsten Busschofer deen et gët) an der logistescher Ennerstetzung vun der Gemeng Réiser, konnten iwert 150 Kanner (!!!) aus den Réiserschoulen (Bierchem an Crauthem) deser Deeg sech fillen wéi wann se an der Schlittvakanz wieren. >>> Fotoen vum Schlittfestival |
Kanner bewerten Bicher
13.01.2004![]() | Op den Internetsäiten vun eiser Mediathéik kann een sech elo all d'Artikelen uweisen loossen, zu deenen Schüler schon een Kommentar geschriwen hunn. Kuck dir se emol un, do entdecks du bestëmmt e puer flott Bicher, déi's du och léinen wëlls. A vergiess net, dengen Kollegen och deng Lieblingsbicher ze empfehlen! Schreif eis een Kommentar! Link: Artikelen matt Bewertung a Kommentar |