Zum Haaptinhalt sprangen

Grondschoul vu Réiser

Nei Schoul zu Bierchem

01.09.2006

Di nei Schoul (rue du chemin de fer) zu Bierchem gët leider nët mat Zäiten fir de 15. September fäerdeg. Dofir hunn d'Enseignanten zesummen mat den Responsabelen no enger Léisung gesicht fir di éischt 6 Schoulwochen ze iwwerbrécken an e qualitativen Unterrecht ze garantéieren. D'Kanner bleiwen bis d'Allerhelljenvakanz um Site vun der aler Bierchemer Schoul. Dëst evitéiert, dass d'Kanner an engem Chantier mussen léieren, an d'Geplënners fënnt och nët an der Schoulzäit statt, sou dass Perturbatiounen vun den Schoulstonnen evitéiert ginn.
Mir hoffen di concernéiert Elteren a Kanner hunn dofir Versteesdemech.