News
News
Schoulsportdag
20.05.2009Mëttwochs, den 20. Mee ass Schoulsportdag mat villen Aktivitéiten wéi zum Beispill: Frisbee, Futtball, Spiller mam Seel, Geschécklechkeet mam Velo, Rugby, Baskettball, Airtramp, Badminton, Einrad, Rollerblades, Joggen, asw.
Fotoen vum Schoulsportdag
Kino- an Theaterowend zu Bierchem
27.03.2009En Donneschdeg, den 2. Abrëll organiséiert d'drëtt Schouljoër vu Bierchem e Kino- an Theaterowend. Ufank ass ëm 19 Auer am Pavillon.
D'Kanner spillen 9 kuerz Theaterstécker, déi si selwer geschriwwen hunn. Dotëscht weisen si "Videobooks": franséisch Billerbicher goufen virgelies an opgeholl, während dem Lauschteren gesäit een d'Biller aus de Bicher.
Méi Info: www.roeserschool.lu/resources/wiki/theater
Journée pédagogique de 19. Februar 2009
19.02.2009E Donneschdeg de 19. Februar fënd fir all d'Enseignanten aus der Réiser Gemeng eng Journée Pédagogique zum ganz aktuellen Thema vun der Schoulverännerung an der Evaluatioun statt.
D'Schoulkanner hunn deen Dag fräi. En Accueil fir d'Kanner ass assuréiert.
Détailer zu der Journée kann een hei noliesen: Journée Pédagogique 2009
Fuesbal den 17.02.09 am Centre Culturel zu Béiweng
12.02.2009Dass esou weit: d'Fuesboken si nees lass. En Dënschden den 17 Februar 2009 huet d'Schoul hire Fuesbal am Centre Culturel zu Béiweng. De Fuesbal fir d'Kanner bis 2 Schouljoer as vun 15h00-17h00 an d'Fuesdisco fir déi ab dem 3 Schouljoer ass vun 18h00-20h00.
Die wichtigsten Neuerungen der Schulreform
21.01.2009Am 20. und 21. Januar 2009 wurden die drei Gesetze zur Reform des Schulgesetzes von 1912 gemeinsam mit der Reform des Script ("Service de coordination de la recherche et de l'innovation pédagogiques et technologiques") im Parlament gestimmt.
Neien Internetsite vunn der Maison Relais
16.01.2009Eis Maison Relais präsentéiert sech elo och online: Ënnert der Adress www.mr-roeser.lu ginn et nëtzlech Informatiounen ronderem déi ugebuede Servicer, den aktuelle Menü vum Schoulrestaurant an Neiegkeeten ronderem d'Aktivitéiten.
E grousse MERCI
01.01.2009E grousse Merci un all d'Leit déi gehollef hunn, dass eise Chrëschtmaart esou flott ginn ass!!
Chrëschtmaart 2008
05.12.2008E Mëttwoch de 17. Dezember ass vun 16 bis 20 Auer eise Chrëschtmart zu Réiser an der Kantin. De Chrëschtmart get vun de Kanner an den Enseignanten aus der Réiser Gemeng organiséiert. (Mat frëndlecher Ennerstetzung vun de Gemengenaarbechter an de Leit aus der Kantin.)
D'Kanner präsentéieren hier flott Bastelaarbechten a fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt!
D'Kantin ass vis-à-vis vun der Gemeng! Jiddereen ass wëllkomm!
untitled record
28.09.2008D'6. Schouljoër vum Françoise Zens vu Crauthem spillt d'Theaterstéck: "Mam Emil ënnerwee" zu Réiser an der Gemeng an der Salle Blouet.
Dëst Theaterstéck ass geduet fir d'5. an d'6. Schouljoeren.
Dauer ca. 1 Stonn.
Präis 1,50€ pro Kand; 3€ pro Erwuessener (Enseignant gratis)
Vakanzatelier 2008 (activités de vacances)
01.07.2008Der "Vakanzatelier" findet dieses Jahr in den 3 Wochen vom 21. Juli bis zum 8. August statt. Die Kinder aus der Vor- und Grundschule können für eine oder mehrere Wochen eingeschrieben werden. | Le "Vakanzatelier" (atelier de vacances) aura lieu cette année pendant les 3 semaines du 21 juillet au 8 août. Les enfants du préscolaire et du primaire peuvent être inscrits pour une ou plusieures semaines. |