News
News
journées du livre
04.05.2013Am Kader vun de Journées du livre et du droit d'auteur den 22. an 23. Abrëll mam Motto "Den Dësch ass gedeckt. Lies dass de grouss a staark gëss", huet de Mediathéiksgrupp eng Rei Aktivitéiten zumThema Mäerecher ugebueden. De Ministère offréiert Bicher fir d'Schoulen déi sech zu dësem Thema eng afale gelooss hunn.
En Deel vun der Mediathéik ass an eng Mäerchewelt verwandelt ginn. Et si Lanteren opgestallt ginn, Voilen hounge vum Plafong erof, Stären hu geblénkt an eng Léierin hat vill Biller zum Thema Mäerchen gemoolt.
Et ass e Mäerchebuffet opgestallt ginn, wou lauter Bicher zum Thema Märchen ausgestallt waren.
Folgend Aktivitéite sinn ugebuede ginn:
1 Klass vum Précoce krut d'Rotkäppchen erzielt an 2 anerer d'Bremer Stadtmusikanten. Si hunn d'Märchen uschléissend
als Klanggeschicht mat verschiddenen Instrumenter gespillt. An de Klassen sinn nach verschidden Mol- a Bastelaktivitéiten gemaach ginn, wou d'Kanner sech kreativ iwwert d'Mäerchen ausdrécke konnten.
2 Klassen aus dem C1 hunn d'Bremer Stadtmusikanten erzielt kritt an hunn dono d'Mäerchen mat de Stabpoppen nogespillt. Si kruten eng Mäerchekëscht vun de Bremer Stadtmusikanten fir mat an hir Klass.
2 Klassen aus dem C1 kruten d’Rotkäppche virgelies. Am Virfeld hunn d’Enseignanten eng Introduktioun an hirer Klass gemaach. Si kruten och eng Mäerchekëscht zum Thema “Rotkäppchen” mat an hir Klass, wou lauter Géigestänn aus der Geschicht dra waren. Awer et hat sech och een Intrus, een Zwerg, dra verstoppt, deen hunn d’Kanner misse fannen. Zum Schluss, hunn si d’Rotkäppchen ëmgeschriwwen a probéiert den Zwerg an d’Geschicht mat anzebauen.
1 Klass aus dem C2 ass an 2 Gruppe gedeelt ginn. Ee Grupp krut d’Buch “Ich bin der Stärkste im ganzen Land" virgelies, deen anere Grupp “Der Wolf im Nachthemd”. D’Kanner sollten dono d’Geschicht op Lëtzebuergesch
ëmformuléieren. Di Geschicht gëtt elo als Stabpoppentheater ageübt a verschiddene Klasse virgespillt.
All d'Schüler konnten sech natierlech nom Virliesen nach um Bicherbuffet zerwéieren.
Merci dem Mediathéiksgrupp fir di flott Aarbecht an den Titulairen déi mat hire Schüler matgemaach hunn. D'Kanner waren all begeeschtert vun eiser Mäerchewelt.
Hei e puer Fotoen vun deene flotten Deeg:
Bistrot pédagogique
08.04.2013De 25. Abrëll 2013 fënnt um 19 Auer am Festsall Blouet e "bistrot pédagogique" zum Thema "Wéi d'Kanner hir Elteren erzéien" statt.
D'Invitatioun mat den Detailer fannt Dir hei:

Eckercherstournoi
05.03.2013De Sportsgrupp organiséiert dëst Joer en Eckerchestournoi, deen den
20.Mäerz zu Krautem an der Sportshal stattfënnt. All Klass dierf eng Equipe
umellen, an all Equipe soll sech e flotte Numm sichen a sech eng Uniform
ausdenken.
Mir freeën eis schonn all op dee sportlechen Dag!
FUESDISCO 2013
21.01.2013Um Uschloss un de Fuesbal ass vun 18.00 bis 20.00 Auer d'Fuesdisco fir d'Kanner vun de Cyclen 3 a 4 am Centre Culturel zu Béiweng.
Och hei ass fir Animatioun a SpAass grad ewéi fir Iessen an Drénken beschtens gesuergt.
Den Entrée am Virverkaf kascht fir déi Erwuessen 3 Euro, fir d'Kanner 2 Euro - ee Gedrénks abegraff.Vum 4.2.-7.2.2013 ginn d'Billeten an der Paus an deene verschiddene Schoule verkaaft. D'Entrée op der Plaz ass 4 Eur fir déi Grouss an 2 Euro fir d'Kanner.
Ze beuechten ass, datt d'Kanner nëmmen am Gebai ënnert der Responsabilitéit vun der Colonie de Vacances sinn.
Den Erléis kënnt de Kanner, déi an d'Colonie fueren, ze gutt.

FUESBAL FIR D KANNER VUM CYCLE 1 A CYLCE 2
21.01.2013En Donneschdeg, de 7. Februar 2013 vu 15.00 - 17.30 Auer organiséiert d'Colonie de vacances Réiserbann asbl. am Centre Culturel zu Béiweng e Fuesbal fir Kanner aus dem Cycle 1 an 2.
Fir d'Animatioun vun de klenge Fuesboken grad ewéi fir Iessen an Drénken ass beschtens gesuergt.
Den Entrée am Virverkaf kascht fir déi Erwuessen 3 Euro, fir d'Kanner 2 Euro - ee Gedrénks abegraff.Vum 4.2.-7.2.2013 ginn d'Billeten an der Paus an deene verschiddene Schoule verkaaft. D'Entrée op der Plaz ass 4 Eur fir déi Grouss an 2 Euro fir d'Kanner.
Ze beuechten ass, datt d'Kanner nëmmen am Gebai ënnert der Responsabilitéit vun der Colonie de Vacances sinn.
Den Erléis kënnt de Kanner, déi an d'Colonie fueren, ze gutt.

Schéint Joer 2013
02.01.2013D'Enseignante aus de Réiserbänner Schoulgebaier wënschen Iech all e schéint neit Joer, vill Gléck a Succès fir 2013.
CHRËSCHTMAART AN DER KRAUTEMER SCHOUL
30.11.2012Fir eis op d'Feierdeeg anzestëmmen, fënnt den 19. Dezember 2012 an der Krautemer Schoul
den traditionelle Chrëschtmaart vun eise Grondschoulen aus dem Réiserbann statt.
Um 4 Auer fänke mer un. Vu 16.15 bis 19.00 Auer verkafen d'Kanner an der Buvette
hir Kreatiounen, déi si extra fir dësen Ulass gebastelt hunn.
Fir Iessen an Drënken ass beschtens gesuergt.
D'Revenuen vun der Restauratioun kommen der Colonie de vacances zegutt, déi all Klassen ënnerstëtzt,
déi an d'Colonie fueren an esou de Beitrag, deen d'Famill musse bäileeën, reduzéiert.
PRÄSENTATIOUN VUM PROJET "STREITSCHLICHTER"
21.10.2012E Freiden, den 16. November 2012 um 19.00 Auer fënnt an der Krautemer Schoul
d'Presentatioun vun eisem Projet "Streitschlichter", deen och en Deel vun eisem PRS ass, statt.
D'Kanner, déi eng spezifesch Formatioun dofir matgemat hunn,
sollen an Zukunft Streidereien tëschent Schüler selwer opléise kënnen.
Wéi si dat maachen an nach vill aner intressant Detailer gidd Dir op dëser Presentatioun gewuer.
RENTREE 2012/2013
10.09.2012Dat neit Schouljoer fänkt e Méindeg, de 17. September 2012 unn.
Horaire vum éichte Schouldag:
- 7:45-11:30 a 14:00-16:00 (Cycle 1)
- 7:45-11:40 a 14:00-16:00 (Cyclen 2-4)
> Klasseverdeelung
> Comité d'école