News
News
Fotoën Äispiste
10.01.2014Hei kënnt dir iech e puer Fotoën vun der Äispiste ukucken. Dem Sportsgrupp nach eng Kéier e grousse Merci fir d'Organisatioun!
Vill Gléck am neie Joer
05.01.2014D'ganz Personal vun der Réiser Schoul wënscht Iech alles erdenklech Guddes am neie Joer!
Chrëschtmaart
02.12.2013Och dëst Joer organiséiert d'a.s.b.l colonies de vacances eisen traditionelle Chrëschtmaart.
Den 18. Dezember um 16 Auer geet et lass! Am Schoulhaff an am Gebai vun der Krautemer Schoul waarde Bastelaarbechten, Gedrénks an Iessen op Iech.
Dëst Joer hu mir souguer en "special sing sing act" fir Iech preparéiert!
Mir hoffen Iech deen Dag do ze gesinn!
Äispiste 2013
18.11.2013Och dëst Joer kënnen erëm déi Klassen déi wëllen e ganze Moien op der Äispiste verbréngen.
De Sportsgrupp huet d'Äispiste dës 3 Deeg fir eis Schüler reservéiert:
22. November
10. Dezember
17.Dezember
Mir soen dem Sportsgrupp Merci fir d'Organisatioun, an der Gemeng Merci fir d'Iwwerhuele vun den Onkäschten!
Nei Elterevertrieder
25.10.2013E Mëttwoch, den 23. Oktober 2013 sinn zu Réiser 5 Elterevertrieder gewielt ginn:
Carelli Sandra
Feltes Sandra
Menini Marie-Anne
Rock Guy
Rodrigues Teresa
Detailler zu der Funktioun vun den Elterevertrieder an wéi dir se erreeche kënnt fannt dir an der Rubrik "Elterevertrieder"
Merci fir Äert Engagement!
soirée d´information concernant le rôle des représentants des parents
29.09.2013Les représentants des parents et l´école fondamentale de Roeser vous invitent à une
soirée d´information concernant le rôle des représentants des parents
jeudi, le 03 octobre 2013 à 19.30 heures,
à la médiathèque de l´école de Crauthem (sous-sol).
- Quel est le rôle des représentants ?
- Comment se déroule leur élection ?
- Quel travail a été réalisé jusqu´à présent ?
Cycle 4 gutt zu Lëltz ukomm!
09.07.2013D'Klassen vum Francoise Meylender-Zens,Géraldine Hammerel an Liliane Cruchten mam Anne-Marie Deckenbrunnen si gutt zu Lëltz ukomm!
Maer schécken e sonnege Bonjour op Réiser!
Aktivitéiten vun der Volleyballfédératioun
30.06.2013D'Lëtzebuerger Volleyballfederatioun war am Juni 2013 am Cycle 4 aktiv
an huet de Kanner aus dem 4.1 vum Françoise do di flott Sportart
Volleyball virgestallt. An 4 Turnstonnen konnten d'Kanner éischt
Andréck sammelen an hate vill Spaass. Zum Schluss krut eis Schoul vun
der Volleyballfederatioun 5 nei Volleybäll geschenkt!
Mir soë villmols Merci fir di flott Turnstonnen an di 5 nei Bäll!
Hei e puer Fotoen:
Schoulfest
28.06.2013Den 12.7 fënnt ab 16:00 Auer zu Krautem am Schoulhaff eist gemeinsamt Schoulfest statt.
Wat fannt dir do?
Tombola
flott Spiller
Iessen
Gedrénks
Optrëtt vun de Kanner (18:30 Auer)
Mir freeën eis iech do ze begréissen!
Merci un d'colonies de vacances Réiserbann fir d'Organisatioun!
Visite Mme. Delvaux
06.06.2013Den 11. Juni kënnt Mme. Delvaux an d'Réiser Schoul op Besuch.
Si wëll sech iwwert eise Streitschlichter-Projet informéieren. Dee Moie kritt si de Film iwwert d'Mediatioun gewisen, ka bei enger Mediatioun dobäi sinn, a geet sech och an eng Klass e Klasserot ukucken. Natierlech wäert si och mat den Enseignanten iwwert d'Entstehung vun deene Saache schwätzen.