News
News
Äispiste 2014
25.11.2014Och dëst Joer organiséiert de Sportsgrupp en Ausfluch op d'Äispiste, an zwar de 4.12 an den 11.12.
D'Kanner an d'Léierpersonal soen iech merci fir Äert Engagement!
Rentrée 2014
12.09.2014De 15.9 geet d'Schoul no enger laanger Summervakanz erëm un.
Mir freeën eis iech all erëm ze gesinn!
Cycle 3 gutt am Centerparcs de Kempervennen ukomm
07.07.2014D'Klassen vum TCM si gutt geland. Mir wollte just matdeelen, dass mir gutt am Centerparc de Kempervennen zu Westerhoven ukomm sinn. Just 4 mol schlofen a mir si schonn erem do Heem.
De RDV fir zeréck ass tëschend 16h-16h30 e Freiden, den 11. Juli bei der Schoul :-)
Schoulfest
03.07.2014Den 11. Juli fënnt am Haff vun der Krautemer Schoul eist Schoulfest statt.
Ab 16 Auer kënnen d'Kanner bei enge Rei Spiller matmaachen, an ab 16.30 Auer gëtt dann och eppes fir de klengen a groussen Honger gemaach.
Mir soen der colonies de vacances a.s.b.l villmools Merci fir d'Organisatioun, a bedanken eis och bei jidderengem deen deen Dag eng Hand mat upeekt!
Mir hoffen Iech zahlreich unzetreffen!

Cycle 4 gudd am Europapark ukomm
02.07.2014De Cycle 4 ass gutt am Europapark ukomm! Mir freeën eis op 2 Deeg Spaass;-))
Le cycle 4 est bien arrivé à l'Europapark.Deux jours de joie nous attendent.;-))
Fotoën Afrikafest
26.06.2014D'Kanner an d'Léierpersonal aus dem Bierchemer Pavillon hunn en Afrikafest organiséiert wou eng Rei Saachen, déi si selwer hiergestalt hunn, verkaf gi sinn. Den Erléis ass gespend ginn un Millipap asbl an Action solidarité Tiers Monde Burkina Faso.
Hei kënnt dir e puer Fotoën bewonneren!
Theater: Eng Nuecht am Supermarché
26.06.2014De Cycle 4.2 ass frou iech matzedeelen, dass mir d'Theaterstéck "Eng Nuecht am Supermarché" den 8. an den 10.Juli an der Gemeng zu Réiser spillen.
Mir giffen eis freeën Iech do ze begréissen!
Hei eis Invitatioun:

Hëllef fir Bosnien
24.06.2014Den Handball Club Bierchem huet eng Spendenaktioun an d’Liewe geruff, an huet dobei op d’Hëllef vun der Schoul zeréck gegraff.
D’Schüler konnten Kleeder a Schung mat an d’Schoul bréngen, déi do an engem Sall gesammelt gi sinn. E puer Leit vum Handball hunn d’Saachen an der Schoul ofgeholl an hunn en Transport gemeinsam mat der Caritas a Bosnien organiséiert.
Wann dir op de Link ënnen klickt kënnt dir e puer Fotoen bewonneren. Wéi een erkenne kann war dës Spendenaktioun ganz erfollegräich. Merci dem HC Bierchem fir hieren Asaatz!!!
Fussballturnéier
21.05.2014Dëst Joer ass erëm WM!!!!!!
An och zu Réiser wëlle mir d'Fussballsaison alauden!
Dofir organiséiert de Sportsgrupp de 6. an den 18. Juni e Fussballturnéier.
6.6 fir d'Klassen vum C1, C3, an C4
18.6 fir d'Klassen vum C2
All Klass kann eng oder méi Equipen umellen.
Mir freeën eis schonn op di 2 sportlech Deeg!
Fuesbal / Fuesdisco
02.02.2014D'Colonies de vacances a.s.b.l invitéiert op hire Fuesbal an op hier Fuesdisco an zwar den 13. Februar 2014!
Wou: am Kulturzentrum zu Béiweng.
De Fuesbal ass fir d'Kanner bis den Zykel 2 mat, fänkt um 15.00 Auer un a geet bis 17.30 Auer.
D'Fuesdisco ass fir d'Kanner aus dem Zykel 3&4, fänkt um 18.00 Auer un a geet bis 20.00 Auer.
Weider Detailer fannt Dir an deenen 2 Flyeren!
Mir freeën eis vill Fuesboken ze gesinn!

