News
News
Schoulfest
18.06.2015Den 10. Juli fënnt am Haff vun der Krautemer Schoul eist Schoulfest fir all d'Schoulkanner aus der Gemeng Réiser statt.
Ab 16 Auer kënnen d'Kanner bei enger Rei Spiller matmaachen, an ab 16.30 Auer gëtt dann och eppes fir de klengen a groussen Honger gemaach.
Spiller an Animatioun sinn um Programm souwéi och ab 18.30 eng grouss Bühneshow!
Mir soen der Colonies de Vacances a.s.b.l villmools Merci fir d'Organisatioun, a bedanken eis och bei jidderengem deen deen Dag eng Hand mat upeekt!
Mir hoffen Iech zahlreich unzetreffen!

Zirkusshow
03.06.2015D'Schüler aus dem 3.2 vum Cynthia Feidt an Nadine Sunnen hunn en Trimester laang fläisseg geübt fir eng wonnerbar Zirkusshow op d'Been ze stellen.
Hei kënnt dir d'Fotoën vun eisen Artisten bewonneren.
E groussen BRAVO!
» Galerie
Crossfit
13.05.2015De Sportsgrupp organiséiert fir all Cycle d'Aktivitéit 'Crossfit', an
zwar op der Kockelschéier, den 15., 18. an 20. Mee
D'Kanner mussen vun Statioun zu Statioun lafen.
All Tour gëtt opgeschriwwen.
Fir Iessen a Gedrënks ass gesuergt.
De Sportsgrupp wëll den Elteren merci soen, déi bei den Statiounen hëllefen.
Allez, laaft gutt!
Artikel an der Revue: Thema Peer-mediation
17.03.2015D'nächst Woch gëtt an der Revue en Artikel publizéiert zum Thema Gewaltpräventioun an de Schoulen wouranner d'Réiser Schoul mat sengem Peer-mediation-Projet als Beispill erkläert gëtt.
Et ass en Interview mat eisen aktuellen Mediateuren gemaach ginn an och mat der Mme. Conny Scholler.
Mir si ganz houfreg drop, dass eis Schoul erausgesicht ginn ass fir iwwert d'Wichtegkeet vun dësem Projet ze berichten.
E grousse Merci un eis Mediateuren an un die Responsabel Enseignantën vum Grupp. Dir maacht eng super Aarbecht!
Hei ass och nach e Link zu engem klengen Interview mat der Mme. Scholler:
Eckerchesturnéier de 4. Mäerz zu Krautem
27.02.2015De Sportsgrupp huet sech erëm eng Aktivitéit ausgeduecht: En Eckerchesturnéier!
Eckersches gëtt och oft als „falsche Baseball“ bezeechent – dh. 2 Ekippe spillen géinteneen, déi eng sinn d’Feldspiller an déi aner sinn d’Leefer
All d'Klassen déi wëllen dierfen natierlech matmaachen.
Mir freeën eis op dës sportlech Veranstaltung, merci dem Sportsgrupp fir hiert Engagement.
Fotoën Fairtrade-Buffet
08.02.2015Hei e puer Andréck vun eisem leckeren Buffet. Villmools merci u jiddereen dee gehollef huet!
Fuesbal / Fuesdisco
27.01.2015D'Colonies de vacances a.s.b.l organiséiert hiren traditionellen Fuesbal fir Kleng a Grouss.
Wéini: 10.02.2015
Wou: Centre Culturel à Bivange
Auerzäit: vun 15.00 - 17.30 fir den C1 an C2
a vun 18.00 - 20.00 fir den C3 an C4
Wat erwaart iech: flott Fuesstëmmung mat Animatioun. Fir de klengen Honger an Duuscht ass gesuergt.
Mir freeën eis Iech do ze begréissen!


Fairtrade-Buffet
15.01.2015Am Kader vum Fairtrade Label vun der Gemeng Réiser, organiséieren d’Réiser Schoulen e « Fairtradebuffet » de Mëttwoch Moiën, 21. Januar 2015.
Dee Moien ass e Buffet an der Schoul mat Fairtrade Produitën an d’Kanner kënne sech op deem Buffet Iessen huelen, wat mir zesummen iessen.
Ziel vun der Aktivitéit ass et, d'Kanner op de fairen Handel opmierksam ze maachen.
Weider Informatiounen iwert Fairtrade fannt dir op dem Site www.transfair.lu .
Chrëschtmaart 2014
25.11.2014Och dëst Joer organiséiert d'colonies de vacances a.s.b.l eisen traditionelle Chrëschtmaart.
Wéini: 17. Dezember 2014
Wou: Schoulhaff a Buvette Krautem
Auerzäit: vu 16 Auer bis 20 Auer
Wat erwaart Iech: Bastelstänn, leckert Iessen, Glühwäin, Kaffisstuff, an e speziellen Optrëtt!
Mir freeën eis Iech do ze begréissen!