Zum Haaptinhalt sprangen

News

News



Eischt Viregt Nächst Lescht

Prëtt fir de Lycée

21.04.2016

 Op fräiwëlleger Basis konnten d'Schüler aus em Cycle 4.2. vu Réiser um Projet "Prett fir de Lycée" deelhuelen. Zum Schluss vum Projet, kruten d'Schüler hiren Diplom de 24. Mäerz am Centre culturel vu Béiweng iwwerreecht. Et wor e ganz flotten Owend a mir soen em Nancy Holtgen, Vanessa Wirtz, Lea Foubert an em Alex Pianaro e grousse Merci fir hir super Aarbecht.
Hei eng kuerz Beschreiwung vum Projet: Prett fir de Lycée

"Prett fir de Lycée" ass e Konzept zur Stäerkung vun der Selbstbehaaptung an präventiver Opklärung vu Gewalt an Drogen fir d'Schüler aus dem Cycle 4.2., ugelehnt un déi konfrontativ Pädagogik.

Genau déi Schüler wäerten d'nächst Joer am Lycée eng nei, hinnen onbekannten Liewensphase ufänken. Virfreed, Abenteuerloscht a vill nei Frëndschaften wäerten se erwaarden, awer och Angscht, Onsécherheet an Onwëssenheet. Mat dësem Konzept kennen d'Kanner vill Konfliktléisungsméiglechkeeten spilleresch erprouwen a sech fit fir déi nei Erausfuerderung maachen.

D' Ziel vun dësem Konzept ass et, de Kanner bäizebréngen, wéi si mat schwieregen Alldagssituatiounen, déi am Lycée wäerten op se duerkommen, ëmgoen kennen. Och gëtt de Schüler spilleresch bäibruecht, wéi sie Gewalt oder Opferroll kennen vermeiden, a wat fir eng Konfliktléisungsméiglechkeeten et ginn. Dobäi kennt, datt d'Schüler léieren, sech selwer wouer ze huelen an erauszefannen wou hier perséinlech Baustellen leien a wéi se mat deenen sollen ëmgoen. Duerch interaktiv Übungen gëtt de Schüler och hier Kierpersprooch bewosst gemaach.

Dëst ass op fräiwëlleger Basis a gëtt a klenge Gruppe vun 8 - 12 Schüler aus em Cycle 4.2. duerchgefouert. Et ass ëmmer 4 mol 3 Stonnen am prakteschen Beräich, an dat Samschdes. 

Zum Schluss gëtt en Elterenowend am Centre culturel zu Béiweng organiséiert, wou d'Schüler hiren Diplom iwwerreecht an d'Elteren e klengen Abléck kreien unhand vu Fotoen, wat hir Kanner an deenen Stonnen erschafft hunn.





Fussballturnéier

17.03.2016

Och dëst Joer huet de Sportsgrupp e Fussballturnéier fir eis Schoul organiséiert!
Dee fënnt freides, den 25. Mäerz an der Krautemer Sportshal statt. D'Kanner bereeden sech scho voller Freed drop vir, an Cheerleader üben schonn hir Dänz an. Dat gëtt bestëmmt erëm flott. Natierlech sinn och Elteren wëllkomm fir kucken ze kommen.
Dofir fannt dir hei de Spillplang, wéi eng Equipe wéini spillt.





Mediathéik: Virliesconcours 2016

10.02.2016

An de Klassen vum Cycle 4 vum ganze Land ginn déi bescht Virlieser a Virlieserinnen aus der Klass ermëttelt.
Thema dëst Joer ass: "Frëndschaft-wat ass dat?"
Zu dësem Thema leien an eiser Mediathéik Bicher prett fir ausgeléint ze ginn.
De beschte Virlieser gëtt aus eiser Schoul bis de 25. Mäerz erausgewielt.
Am Mee/Ufank Juni sinn dann di regional Halleffinallen.



Urban Knitting Fotoen

01.02.2016

Déi éischt Fotogalerie vum Urban Knitting sinn elo an der Rubrik "Projeten" online. An den nächste Méint wäerten nach weider Galerie bäi kommen.

> Zu de Galerien



Fuesbal / Fuesdisco

29.01.2016

Den 4.2 ass erëm Fuesbal a Fuesdisco am centre culturel zu Béiweng.
Hei fannt dir d'Affichen mat den Detailler!



Äispiste 2015

17.12.2015

Och dëst Joer huet de Sportsgrupp eng Sortie op d'Äispiste organiséiert. Merci dofir!
D'Fotoën schwätzen fir sech:



news: Mediathéik

28.11.2015

D'Equipe vun der Mediathéik war och dëst Joer erëm op d'Frankfurter Buchmesse, a si sinn mat ganz villen neien Bicher am Köfferchen heemkomm! All déi Neizougäng kann een ab elo ausléinen.
Och hunn d'Leit aus der Mediathéik sech vill Méi ginn fir all eis Wanter- Kleeserchers- a Chrëschtbicher prëtt eraus ze leeën.
Kommt luussen!



Urban Knitting goes Réiserbann

13.11.2015

D'Réiser Schoul (Krautem a Bierchem) organiséiert en "Urban Knitting" an der Gemeng.
Mir siche Leit déi Loscht hunn ze heekelen, strécken oder wiewen. Vum Ufänger bis Profi ass jidderee wëllkomm.

 Flyer_fr.pdf (1.75 MiB)
 Flyer_lux.pdf (1.75 MiB)



Schoulufank

18.09.2015

Mir hoffen dass all d'Schüler aus der Réiser Schoul eng flott Rentrée haten!
Op e flott Schouljoer 2015/2016!



Kolonien Bitburg a Palogne

29.06.2015

  • D'Klasse Jung a Braun si gudd an hirer Kolonie zu Bitburg ukomm.
  • Och d'Klasse vum Cycle 4.1 (Tom Dosser) a vum Cycle 4.2 (Mariane Oth) si gudd an hierer Kolonie zu Palogne ukomm.




Eischt Viregt Nächst Lescht