Grondschoul vu Réiser

Prëtt fir de Lycée
21.04.2016 Op fräiwëlleger Basis konnten d'Schüler aus em Cycle 4.2. vu Réiser um Projet "Prett fir de Lycée" deelhuelen. Zum Schluss vum Projet, kruten d'Schüler hiren Diplom de 24. Mäerz am Centre culturel vu Béiweng iwwerreecht. Et wor e ganz flotten Owend a mir soen em Nancy Holtgen, Vanessa Wirtz, Lea Foubert an em Alex Pianaro e grousse Merci fir hir super Aarbecht.
Hei eng kuerz Beschreiwung vum Projet: Prett fir de Lycée
"Prett fir de Lycée" ass e Konzept zur Stäerkung vun der Selbstbehaaptung an präventiver Opklärung vu Gewalt an Drogen fir d'Schüler aus dem Cycle 4.2., ugelehnt un déi konfrontativ Pädagogik.
Genau déi Schüler wäerten d'nächst Joer am Lycée eng nei, hinnen onbekannten Liewensphase ufänken. Virfreed, Abenteuerloscht a vill nei Frëndschaften wäerten se erwaarden, awer och Angscht, Onsécherheet an Onwëssenheet. Mat dësem Konzept kennen d'Kanner vill Konfliktléisungsméiglechkeeten spilleresch erprouwen a sech fit fir déi nei Erausfuerderung maachen.
D' Ziel vun dësem Konzept ass et, de Kanner bäizebréngen, wéi si mat schwieregen Alldagssituatiounen, déi am Lycée wäerten op se duerkommen, ëmgoen kennen. Och gëtt de Schüler spilleresch bäibruecht, wéi sie Gewalt oder Opferroll kennen vermeiden, a wat fir eng Konfliktléisungsméiglechkeeten et ginn. Dobäi kennt, datt d'Schüler léieren, sech selwer wouer ze huelen an erauszefannen wou hier perséinlech Baustellen leien a wéi se mat deenen sollen ëmgoen. Duerch interaktiv Übungen gëtt de Schüler och hier Kierpersprooch bewosst gemaach.
Dëst ass op fräiwëlleger Basis a gëtt a klenge Gruppe vun 8 - 12 Schüler aus em Cycle 4.2. duerchgefouert. Et ass ëmmer 4 mol 3 Stonnen am prakteschen Beräich, an dat Samschdes.
Zum Schluss gëtt en Elterenowend am Centre culturel zu Béiweng organiséiert, wou d'Schüler hiren Diplom iwwerreecht an d'Elteren e klengen Abléck kreien unhand vu Fotoen, wat hir Kanner an deenen Stonnen erschafft hunn.
Fotoën
» Fotoen