Zum Haaptinhalt sprangen

News

News



Eischt Viregt Nächst Lescht

Mediathéik

25.11.2016

An eiser Mediathéik zu Krautem sinn e Koup nei Bicher ukomm! D'Leit déi d'Mediathéik verwalten waren nämlech fläisseg op Frankfurt op d'Buchmesse akafen an di Bicher si lo all ukomm.
Dës nei Bicher an och Bicher zum Thema "Kleeschen" a "Krëschtdag" fannt dir an der Mediathéik ausgestalt.



journée pédagogique

16.11.2016

Am Kader vun eisem PRS huet den Aarbechtsgrupp "Evaluatioun", an Zësummenaarbecht mat eisem instituteur ressource, eng journée pédagogique zum Thema "Um Wee zu engem gemeinsamen Evaluatiounsoutil" organiséiert.
Dës fënnt den 17. November nomëttes statt.
All d'Enseignanten aus der Réiser Schoul wäerten sech do iwert d'Evaluatioun vu Geschichten austauschen a kucken fir e roude Fuedem an dës Evaluatioun ze kréien.
Mir freeën eis op deen Austausch!



Schoulufank

14.09.2016

Mir wënschen all de Schüler aus der Réiser Schoul e schéine Schoulufank!



Kolonie Bitburg

12.07.2016

D'Klasse Braun (Cycle 3) a Jung (Cycle 2) si gutt zu Bitburg an der Kolonie ukomm



Colonie C4 Krautem

20.06.2016

D'Klassen aus dem Cycle 4 vu Krautem si gutt um Neihaischen ukomm!



Colonie C3.2 + C4.1 Berchem

15.06.2016

Klass Falchero a Klass Rodesch si gudd mam Velo ukomm :)



Mediathéik: Virliesconcours 2016

03.06.2016

Den 2. Juni war d'Halleffinale vum Virliesconcours (Thema-Frëndschaft, wat ass dat?) bei eis zu Krautem an der Mediathéik.
Drun Deel geholl hunn d'Schoulen vun Duelem, Mondorf, Réimech, Réiser a Schengen.
D'Gewënnerin ass d'Lisa aus der Schengener Schoul. Hat geet den 28. Juni an d'Finale op Miersch an d'Kulturhaus.
Félicitatiounen un déi 5 Halleffinale Gewënner. Si hunn alle 5 super gelies!



Colonie Klass Nestler an Heijnsbroek

25.05.2016

D'Klassen vun der Mme. Nestler an der Mme. Heijnsbroek si gutt zu Housen ukomm an hunn e flotten 1. Dag erliewt!



Colonie C4 Berchem Echternach

23.05.2016

Mir si gudd ukomm :)



Duckrace

09.05.2016

Am Kader vum Duckrace 2016 hu 4 Klassen vum Cycle 2 jeweils eng Int gemoolt, fir um Concours "color your duck" deelzehuelen.
Hei kënnt dir d'Resultater bewonneren!



Eischt Viregt Nächst Lescht