Grondschoul vu Réiser

journée pédagogique
16.11.2016Am Kader vun eisem PRS huet den Aarbechtsgrupp "Evaluatioun", an Zësummenaarbecht mat eisem instituteur ressource, eng journée pédagogique zum Thema "Um Wee zu engem gemeinsamen Evaluatiounsoutil" organiséiert.
Dës fënnt den 17. November nomëttes statt.
All d'Enseignanten aus der Réiser Schoul wäerten sech do iwert d'Evaluatioun vu Geschichten austauschen a kucken fir e roude Fuedem an dës Evaluatioun ze kréien.
Mir freeën eis op deen Austausch!