News
News
Suspension des cours d'école en raison des hautes températures annoncées pour jeudi, le 22 juin
21.06.2017Le collège échevinal de la Commune de Roeser a décidé en concertation avec le comité d’école, de suspendre les cours d’école demain, jeudi, le 22 juin, en raison des hautes températures annoncées.
Un accueil des enfants est organisé en classe par les enseignants.
Le transport scolaire et le Pédibus fonctionnent comme d’habitude.
Preparatioun op d'Coupe scolaire
30.05.20171. Etapp
Säit e puer Joer hunn d'Kanner aus der Réiser Schoul d'Chance un engem Geschécklechkeetsparcours Deel ze huelen. De John Welter stellt dann e Parcours am Haff op d'Been, wou d'Kanner aus em Cycle 4 kënnen e bëssen mat hirem eegene Vëlo fir d'Coupe scolaire üben.
2. Etapp
Verkéiersgaart zu Esch. (d'Fotoën kommen no subal d'Kanner all do waren)
3. Etapp
Coupe scolaire an der Réiser Gemeng
» Galerie
Aweiung Spillplaatz Kolla
19.05.2017De 5. Mee ass d' "Kolla-Spillplaz" ageweit ginn. D'Spillplaz krut dësen Numm fir d'Partenariat zwëschen der Gemeng Kolla (Argentinien) an der Gemeng Réiser ze éieren.
D'Kanner aus dem Précoce an der Spillschoul hate fir dësen Dag e klengen Optrëtt virbereet an och d'Maison relais hat e flotten Danz mat de Kanner astudéiert.
No enger Ried vum Buergermeeschter, si Loftbäll fléie gelooss ginn, a jiddereen krut nach eppes ze drénken an e Maufel ze iessen.
Hei e puer Impressiounen:
Klassen Dosser, Oth a Rodesch gutt ukomm!
15.05.2017D'Klassen Dosser, Oth a Rodesch aus dem C4 si gutt zu Beefort ukomm. Mir wënschen hinnen e flotten Openthalt!
Nationalt Austauschtreffen vun der Peer-Mediation
02.05.2017De 27.4 huet zu Bouneweg am Centre Culturel dat éischt nationalt Austauschtreffe vun de Peer-Mediateure stattfonnt. Am ganze Land ginn et mëttlerweil 19 Schoulen déi un dësem Projet matschaffen, dorënner 2 Grondschoulen. Ëmsou méi houfreg ware mir, datt mir mat eise 26 Mediateuren, eisem kompletten Team, konnten drun deelhuelen.
D'Mediateuren haten de Choix sech an 2 Workshoppen anzeschreiwen, zu Themen déi si interesséiert hunn. Alles huet sech natierlech ëm hier Aarbecht als Mediateur gedréint.
D'Coachen déi d'Kanner begleet hunn, hunn entweder en Workshop ugebueden oder konnten sech och zu verschiddenen Themen ënnerteneen austauschen.
Et war en immens flotten Dag fir eis alleguer!
D’Kanner hu wonnerbar matgeschafft an d’Workshopleeder an déi grouss Lycéesschüler mat hirem Knowhow an hire Reflexiounen zum Staune bruecht. Mir freeën eis schonn op dat nächst Treffen.
Weider Informatiounen zum Projet fannt dir um offizielle Site: peermediation.lu
Op folgenden Linken fannt dir nach Fotoe a verschidde Reportage vun dësem Dag!
Méi Bewegung am Klassesall
01.05.2017Eise Sportsgrupp hat sech erëm flott Aktivitéiten ausgeduecht! Dës Kéier ass et drëms gaangen, méi Bewegung an eisen Schoulalldag ze integréieren. Eis Kollegen hunn dofir e puer Bewegungsunitéiten um Gank preparéiert an hunn och Yoga mat de Kanner an der Klass gemaach. Ziel war et, dass all Titulaire Iddiën kritt fir de Kanner méi Bewegungsméiglechkeeten am Alldag unzebidden.
Et war immens flott! Hei e puer Fotoën!
Fuesbal/Fuesdisco
31.01.2017Och dëst Joer organiséiert d'colonies de vacances a.s.b.l. hiren traditionellen Fuesbal an hier Fuesdisco.
Di 2 Evenementer fannen am centre culturel zu Béiweng statt.
De Fuesbal ass fir d'Kanner vum Cycle 1 an 2. En dauert vun 15.00 - 17.30 Auer.
D'Fuesdisco ass fir d'Kanner vum Cycle 3 a 4. Se dauert vun 18.00 - 20.00 Auer.
Fir Iessen, Gedrénks an Animatioun ass natierlech gesuergt. Fir weider Detailer kuckt Iech de Flyer un.
Mir freeën eis Iech ze begréissen!


Wantermaart
02.12.2016Och dëst Joer organiséiert d'Colonies de vacances a.s.b.l den traditionellen Wantermaart.
Wéini: 02. Dezember 2016
Wou: Schoulhaff a Buvette Krautem
Auerzäit: vu 16 Auer bis 20 Auer
Wat erwaart Iech: Bastelstänn, leckert Iessen, Glühwäin, Kaffisstuff, an e speziellen Optrëtt!
Mir freeën eis Iech do ze begréissen!