Zum Haaptinhalt sprangen

Grondschoul vu Réiser

Nationalt Austauschtreffen vun der Peer-Mediation

02.05.2017

De 27.4 huet zu Bouneweg am Centre Culturel dat éischt nationalt Austauschtreffe vun de Peer-Mediateure stattfonnt. Am ganze Land ginn et mëttlerweil 19 Schoulen déi un dësem Projet matschaffen, dorënner 2 Grondschoulen. Ëmsou méi houfreg ware mir, datt mir mat eise 26 Mediateuren, eisem kompletten Team, konnten drun deelhuelen.
D'Mediateuren haten de Choix sech an 2 Workshoppen anzeschreiwen, zu Themen déi si interesséiert hunn. Alles huet sech natierlech ëm hier Aarbecht als Mediateur gedréint.
D'Coachen déi d'Kanner begleet hunn, hunn entweder en Workshop ugebueden oder konnten sech och zu verschiddenen Themen ënnerteneen austauschen.
Et war en immens flotten Dag fir eis alleguer!
D’Kanner hu wonnerbar matgeschafft an d’Workshopleeder an déi grouss Lycéesschüler mat hirem Knowhow an hire Reflexiounen zum Staune bruecht. Mir freeën eis schonn op dat nächst Treffen.
Weider Informatiounen zum Projet fannt dir um offizielle Site: peermediation.lu
Op folgenden Linken fannt dir nach Fotoe a verschidde Reportage vun dësem Dag!



Radio Ara
Radio RTL
RTL Telé

» Fotoen