Grondschoul vu Réiser
Mediathéik: Virliesconcours 2016
10.02.2016An de Klassen vum Cycle 4 vum ganze Land ginn déi bescht Virlieser a Virlieserinnen aus der Klass ermëttelt.
Thema dëst Joer ass: "Frëndschaft-wat ass dat?"
Zu dësem Thema leien an eiser Mediathéik Bicher prett fir ausgeléint ze ginn.
De beschte Virlieser gëtt aus eiser Schoul bis de 25. Mäerz erausgewielt.
Am Mee/Ufank Juni sinn dann di regional Halleffinallen.