Zum Haaptinhalt sprangen

Grondschoul vu Réiser

CHRËSCHTMAART AN DER KRAUTEMER SCHOUL

30.11.2012

Fir eis op d'Feierdeeg anzestëmmen, fënnt den 19. Dezember 2012 an der Krautemer Schoul
den traditionelle Chrëschtmaart vun eise Grondschoulen aus dem Réiserbann statt.
Um 4 Auer fänke mer un. Vu 16.15 bis 19.00 Auer verkafen d'Kanner an der Buvette
hir Kreatiounen, déi si extra fir dësen Ulass gebastelt hunn.

Fir Iessen an Drënken ass beschtens gesuergt.
D'Revenuen vun der Restauratioun kommen der Colonie de vacances zegutt, déi all Klassen ënnerstëtzt,
déi an d'Colonie fueren an esou de Beitrag, deen d'Famill musse bäileeën, reduzéiert.