Zum Haaptinhalt sprangen

Grondschoul vu Réiser

journées du livre

04.05.2013

Am Kader vun de Journées du livre et du droit d'auteur den 22. an 23. Abrëll mam Motto "Den Dësch ass gedeckt. Lies dass de grouss a staark gëss", huet de Mediathéiksgrupp eng Rei Aktivitéiten zumThema Mäerecher ugebueden. De Ministère offréiert Bicher fir d'Schoulen déi sech zu dësem Thema eng afale gelooss hunn.

En Deel vun der Mediathéik ass an eng Mäerchewelt verwandelt ginn. Et si Lanteren opgestallt ginn, Voilen hounge vum Plafong erof, Stären hu geblénkt an eng Léierin hat vill Biller zum Thema Mäerchen gemoolt.
Et ass e Mäerchebuffet opgestallt ginn, wou lauter Bicher zum Thema Märchen ausgestallt waren.
Folgend Aktivitéite sinn ugebuede ginn:

1 Klass vum Précoce krut d'Rotkäppchen erzielt an 2 anerer d'Bremer Stadtmusikanten. Si hunn d'Märchen uschléissend
als Klanggeschicht mat verschiddenen Instrumenter gespillt. An de Klassen sinn nach verschidden Mol- a Bastelaktivitéiten gemaach ginn, wou d'Kanner sech kreativ iwwert d'Mäerchen ausdrécke konnten.

2 Klassen aus dem C1 hunn d'Bremer Stadtmusikanten erzielt kritt an hunn dono d'Mäerchen mat de Stabpoppen nogespillt. Si kruten eng Mäerchekëscht vun de Bremer Stadtmusikanten fir mat an hir Klass.

2 Klassen aus dem C1 kruten d’Rotkäppche virgelies. Am Virfeld hunn d’Enseignanten eng Introduktioun an hirer Klass gemaach. Si kruten och eng Mäerchekëscht zum Thema “Rotkäppchen” mat an hir Klass, wou lauter Géigestänn aus der Geschicht dra waren. Awer et hat sech och een Intrus, een Zwerg, dra verstoppt, deen hunn d’Kanner misse fannen. Zum Schluss, hunn si d’Rotkäppchen ëmgeschriwwen a probéiert den Zwerg an d’Geschicht mat anzebauen.

1 Klass aus dem C2 ass an 2 Gruppe gedeelt ginn. Ee Grupp krut d’Buch “Ich bin der Stärkste im ganzen Land" virgelies, deen anere Grupp “Der Wolf im Nachthemd”. D’Kanner sollten dono d’Geschicht op Lëtzebuergesch
ëmformuléieren. Di Geschicht gëtt elo als Stabpoppentheater ageübt a verschiddene Klasse virgespillt.

All d'Schüler konnten sech natierlech nom Virliesen nach um Bicherbuffet zerwéieren.

Merci dem Mediathéiksgrupp fir di flott Aarbecht an den Titulairen déi mat hire Schüler matgemaach hunn. D'Kanner waren all begeeschtert vun eiser Mäerchewelt.

Hei e puer Fotoen vun deene flotten Deeg:



Fotoën