News
News
Sportsdag
10.05.2012Den 16.5 fënnt zu Réiser dee mëttlerweil schon traditionnelle Sportsdag statt. De ganzen Dag iwwer gin de Kanner aus de Schoulen Sportsatelier'en vun den Enseignant'en ugebueden. Mueres sin d'Cyclen 3 + 4 sportlech aktiv, a Mëttes as ët dann un den Cyclen 1 + 2.
bistrot pédagogique
22.04.2012De Schoulkomitee an d'Elterevertrieder vun der Réiser Schoul invitéieren Iech häerzlechst op e
Bistrot pédagogique
Donneschdes, den 3. Mee 2012
ëm 19.00 Auer
am Festsall François Blouet an der Gemeng.
Fräi Entrée
Programm:
Projektioun vum Film « Ons Educatioun. De sëchere Wee » (Film op Lëtzebuergesch mat franséischem Ënnertitel)
Diskussiounsronn
Gemittlechen Ofschloss beim Patt

Handball-Schnuppercours
19.03.20122 Traineren (de Björn an de Steve) vum HC Berchem hate proposéiert eise Schüler aus dem Cycle4 en Handball-Schnuppercours unzebidden.
Wéi dir ënnen op de Fotoe feststelle kënnt war dat e volle Succès!
Villmools Merci fir dës flott Initiative!
Fussballturnéier
08.03.2012Fir eis op d'Europameeschterschaft 2012 anzestëmmen organiséiere mir zu Krautem an der Sportshal den 27.3.2012 e Fussballturnéier.
D'Equipen aus engem Cycle spille géinteneen.
D'Kanner sollen hirer Equipe och en Numm ginn a sech eng Uniform ausdenken.
Den 13.3 huet all Kand missen e Goal schéissen ier et huet dierfen an d'Schoul eragoen. (Foto) Dat huet de Kanner vill Spaass gemaach!
Merci dem Sportsgrupp fir d'Organisatioun vun dësem Event!
Portfolio-Nomëtten
25.02.2012Den 8. Mäerz huet eise Portfolio-Aarbechtsgrupp ee Portfolio-Nomëtten organiséiert.
All d'Léierpersounen treffe sech am Festsall Blouet fir iwwert d'Thema Portfolio ze diskutéieren an eisem gemeinsame Portfolio-Konzept vu Réiser e Schratt méi no ze kommen.
Merci dem Aarbechtsgrupp fir hir Aarbecht!

Fuesbal / Fuesdisco
07.02.2012Donneschdes den 16.2 ass erëm eisen traditionelle Fuesbal an eis Fuesdisco, organiséiert vun der a.s.b.l. colonies de vacances.
De Fuesbal ass fir d'Kanner vum C1 an C2, a geet um 15 Auer lass, bis 17.30.
D'Fuesdisco ass fir d'Kanner vum C3 an C4, an ass vun 18 Auer bis 20 Auer.
Fir Iessen a Gedrénks, an och Animatioun ass gesuergt!
De Virverkaf leeft ab den 13.2 während de Schoulpausen, mee och an der Dageskeess kann een nach Ticketen ergatteren.
Mir freeën eis op ganz vill Fuesboken!

Emailadress Elterevertrieder
18.01.2012Eis nei Elterevertrieder hunn ab elo eng gemeinsam Emailadress:
ev@roeserschool.lu oder elterevertrieder@roeserschool.lu.