Zum Haaptinhalt sprangen

Grondschoul vu Réiser

Fussballturnéier

08.03.2012

Fir eis op d'Europameeschterschaft 2012 anzestëmmen organiséiere mir zu Krautem an der Sportshal den 27.3.2012 e Fussballturnéier.
D'Equipen aus engem Cycle spille géinteneen.
D'Kanner sollen hirer Equipe och en Numm ginn a sech eng Uniform ausdenken.
Den 13.3 huet all Kand missen e Goal schéissen ier et huet dierfen an d'Schoul eragoen. (Foto) Dat huet de Kanner vill Spaass gemaach!
Merci dem Sportsgrupp fir d'Organisatioun vun dësem Event!