Zum Haaptinhalt sprangen

News

News



Eischt Viregt Nächst Lescht

Chrëschtmaart zu Krautem

29.11.2011

De 14ten Dezember ass zu Krautem an der Schoul eisen traditionnelle Chrëschtmaart.
D'Kanner hunn äifreg gebastelt a verkafen hir Aarbechten.
Vu 16.00 bis 20.00 Auer ass am Schoulhaff fir Iessen an Gedrénks beschtens gesuergt: Gyros, Pizza, Sauerkraut mat Wierschtchen, Softdrinks, Schampes, an net ze vergiessen den traditionelle Glühwäin.
Mir freeën eis op äre Besuch.



Schlittschongpiste

09.11.2011

De 15. an den 24. November maachen d'Schoulkanner vu Krautem eng Sortie op d'Schlittschongpiste op der Kockelscheier. De Sportsgrupp vun eiser Schoul huet dës Sortie organiséiert a fënnt am Kader vun eise Sportdeeg statt. No dëser Sortie kritt all Kand wat dobäi war och e Sticker a säi Sportpass.
Folgend Klassen huelen un dëser Sortie deel:
15. November: Koetz, Schou/Schmit, Steffen, TCM3, Molitor, Hammerel, Zens, Dosser
24. November: Ballmann, Merland, TT2, Nestler, Scholler, Oth, Muller, Cruchten



7 nei Elterevertrieder

05.11.2011

Eis Schoul huet ab elo 7 nei Elterevertrieder:
Da Silva Carvalho Marie-Jo
Gaasch Romain
Oesch Mirjam
Marques Carine
Menini Marie-Anne
Rock Guy
Feltes Sandra

E grousse Merci fir Äert Engagement!
Detailer doriwwer wéi Dir d'Elterevertrieder kontaktéiere kënnt, kommen no!



Wiel vun den Elterevertrieder

21.10.2011

De 26.10.2011 fënnt um 19 Auer am Festsall Blouet eis zweet Wiel vun den Elterevertrieder statt.
Op dëser Wiel kënnen d'Elteren hir Vertrieder wielen.
All d'Eltere kruten e Bréif wou d'Funktioun vun den Elterevertrieder erkläert ass.
Mir géingen eis freeën iech zahlreich deen Owend unzetreffen.



Schoulufang / Rentrée scolaire 2011-2012

13.09.2011

Entlech,....et geet erem lass... Juhuuu.... Fir baal 500 Kanner a 60 Enseignanten geet d'Schoul zu Réiser erem un. Iwwert d'grouss Vakanz ass den Haalbuedem erneiert ginn, an och an de Schoulgebaier sinn esou munch Aarbechten gemach ginn.

Opgepasst!!!!!
En Donnerschden, de 15. September geet et erem lass. Mee opgepasst, am Buet stoungen bis elo nach ëmmer déi falsch Auerzaiten dran. En Donnerschden geet et da lass an zwar:
  • Cycle 1 vu 7h45 - 11h30
  • Cycle 2, 3 a 4 hu vu 7h45 - 12h15 (Am Buet stoung dran et wier just bis 11h40 Schoul, an daat ass natierlech net richteg)





Klassen gutt am Centerparc ukomm

04.07.2011

D'Klass vum Géraldine Hammerel an d'Team aus dem 3. Cycle (Braun, Buchette, Jung) si gutt an Holland ukomm.

4 juillet - classes bien arrivées au Centerparc


La classe de Géraldine Hammerel ainsi que le team du cycle 3 (Braun, Buchette, Jung) de l'école de Crauthem sont bien arrivés aux Pays-Bas.



MERCI fir d'Hëllef!!! Groussen Erfolleg vum Schoulfest

02.07.2011

Flott Ambiance, gutt Iessen a virun allem vill motivéiert Leit hu gemach, dass d'Schoulfest och dëst Joer erem e groussen Erfolleg ginn ass. Trotzdeem, dass 3 Klassen nach an der Kolonie waren, war de Schoulhaff gutt mat Leit a Kanner gefëllt, déi giess a gedronk hunn, an anerer, déi esou flott matgehollef hunn ze schaffen. Dofir e grousse MERCI.



Den 1. Juli ass erem Schoulfest zu Crauthem

28.06.2011

Et ass neess esou wäit! Spill, Spaass a gudd Iessen an Drénke fir jiddferee stinn u fir e Freideg, den 1. Juli 2011. Wéi ëmmer gëtt et Gegrills, Zaloten, Fritten, Kuch, ... a genuch vun allem ze Drénken.

Ufank: 16 Auer (mat engem groussen Gänsespill)

Enn: 21 Auer/ Da gëtt esou lues erem alles agepaak.

Ab 18h30 Auer fënnt eng Talentshow statt, bei deem all d'Kanner weise kënnen waat esou an hinnen stecht.



Kontschevent 19. Mee an der Salle "Francis Blouet" an der Gemeng

14.05.2011

Dir kënnt vu 16 Auer bis 19.30 Auer ärt Angeboot fir e Bild, wat vun de Kanner gemoolt ginn ass, ofginn. Ab 19.30 Auer kritt deen, deen am meeschte gebuerden huet, d'Bild mat Heem.
Déi Leit, déi zu deem Zäitpunkt net méi do sinn, kréie vun eis ugeruff, a kënnen d'Bild Freides ab 16.00 Auer an der Krautemer Schoul ofhuelen.

Um 19.30 Auer gi Biller, déi Enseignanten aus der Réiser Gemeng gemollt hunn, versteet!

Fir de klengen Honger ass gesuergt a fir de groussen Duuscht och! Mir géingen eis freeën, Iech den Dag begréissen ze kënnen.



Fitnessswoch am 2. Trimester

07.03.2011

Am Kader vun de Sportsdeeg, gëtt no dem Schlittschongfueren am 1. Trimester eng Fitnesswoch am 2. Trimester organiséiert. Des fënnt statt an der Woch vum 7. op den 11. Mäerz. Iwwert d'Woch verdeelt ginn dann déi verschidde Cyclen an d'Haal a fänken de Moien mat e bessi Fitness un. Esou wëll de Sportsgrupp jiddereen drun erënneren, dass et wichteg ass sech fit ze halen a fit ze bleiwen. Nom Motto: "an engem gesonde Kierper ass och e gesonde Geescht"! Daat ganzt ass natierlech ëmmer mat Spaass verbonnen. Deemno alle Kanner vill Spaass beim beweegen. Daat ganzt fënnt an der Turnhal statt. Natierlech sinn och all d'Enseignanten mat vollem Asaatz derbai.



Eischt Viregt Nächst Lescht