Zum Haaptinhalt sprangen

News

News



Eischt Viregt Nächst Lescht

2012/2013 Vergréisserung vun dem Pavillon

04.03.2011

Elo steet et fest, dass de Schoulpavillon zu Bierchem, deen 2006 gebaut ginn ass, vergréissert gëtt. Daat fir 2,3 Milliounen Euro. Fest steet elo awer och, dass et keen aneren Schoulkomplex am grousse Bauprojet "Jardin du Roeserbann" méi soll ginn. Wéi de Gemengerot gesoot huet, wäert et och an Zukunft just 2 Standpunkter fir Schoulkomplexer an der Gemeng zu Réiser ginn. Bierchem Béiweng soll och an Zukunft vergréissert a moderniséiert ginn. Kleng Kartiersschoulen soll et an der Gemeng net ginn. Gemeng baut op grouss an zentraliséiert Schoulen



Konscht am Schrott - Hëlleft mat ofstëmmen

14.02.2011

Bei der Aktioun 'Konscht am Schrott', organiséiert vun der Superdreckskëscht hunn och e puer Klassen aus der Schoul vu Réiser deel geholl.

Gitt op de Link hei ënnendrënner a wielt fir d'Leit aus eiser Shoul. Deelgeholl hunn

A3 / Gaby -> Ediff

B12 / Marie-Pierre -> Ediff

B16 / Françoise (Brigitte) -> Cycle 4.1

B17 / Géraldine (Brigitte) -> Cycle 4.2

B18 / Liliane (Conny) -> Cycle 4.2

C1 / Sylvie -> Ediff

Ofstëmmen hëllefen!! Gitt de Leit 60 vu 60 :-) Daat wier super!! Well déi Konschtwierker si formidabel ginn.




Kannerfuesbaal zu Béiveng / Organiséiert vun der Colonie de Vacances

02.02.2011

Eise Kannerfuesbal ass dëst Joer de 17. Februar vu 15:00-17:30 fir Kanner aus de Cyclen 1 an 2 a vu 18:00-20:00 Auer fir d'Kanner aus de Cyclen 3 a 4. Wéi schonns déi Jore virdrun ass en erem am Centre Culturel zu Béiweng.


Fir Kanner kascht ët 2 € (mat engem Gedrénks) fir matzefeieren. Erwuessener bezuelen 3 € am Virverkaaf oder 4 € den Dag selwer.


Mir hoffen iech do mat äere Kanner begréissen ze kënnen. Eis Fuesboken wäerten genuch ze Drénken an ze Iessen kréien, esou dass si net vun de Been faalen.



Offiziell Eröffnung vun der Mediathéik

31.01.2011

Eis Mediathéik ass e Freiden, den 28. Januar offiziel ageweiht ginn. De Buergermeeschter, de Schefferot, verschidde Memberen vun de Elterevertrieder a vun der Schoulkommissioun hunn sech vun der flotter erneierter Mediathéik iwwerzeege kënnen. D'Kanner profitéieren awer schonns sait Oktober vun der Mediathéik.

An eiser Mediathéik ginn et am Moment 10285 Artikelen, dorënner Bicher, Schoulbicher, Filmer, CDen, CD-ROMen, Kaarten, didaktescht Material, Computermaterial ... D'Mediathéik befënnt sech an der Schoul zu Crauthem.




Schnéifrai um 17. Dezember / Dispense des cours dans les écoles 17 décembre

17.12.2010

De Ministère de l'Eudcation Nationale deelt mat, dass de 17 Dezember keng Schoul ass. Daat ass elo schonns déi 2. Kéier, dëse Wanter. Och schonns d'läscht Woch, de 9. Dezember waren d'Kanner vun der Schoulobligatioun frai gestallt ginn. Fir déi e bessi méi "aal" Generatiounen, war 1983 fir déi läschte Kéier Schnéifrai. Och wann deemols daat villt Ais den Haaptgrond war.

Vill Spaass am Schnéi!

Dispense des cours dans les écoles publiques aujourd'hui, vendredi 17 décembre

En raison des intempéries, le ministère de l’Éducation nationale et de la Formation professionnelle dispense les élèves des cours des écoles fondamentales et post-primaires publiques pour la journée du 17 décembre 2010.



Flott Ambiance um Chrëschtmaart

16.12.2010

Flott Stänn, gudd Iessen an eng flott Ambiance hu gemach, dass d'Ausgabe vum Chrëschtmaart 2010 e groussen Erfolleg war.

Bettina B. d'Präsidentin vun der "Colonie de Vacances": "Ech wollt jidderengem villmools Merci soen dee gehollef huet, dass de Chrëschtmaart esou e groussen Erfolleg ginn ass, an och nach en extra décke Merci de ville Léit déi gehollef hunn Ofrichten, Spullen, etc. Sou fréi ware mir nach ni fäerdeg!!! ;)"

Schéi Feierdeeg



Chrëschtmaart 2010 zu Krauthem an der Schoul

12.12.2010

Wien Loscht huet op flott Chrëschtdaagsstëmmung a gudd Iessen, invitéiere mir e Mëttwoch de 15. Dezember, vu 16 bis 20 Auer, op eise Chrëschtmart an der Krauthemer Schoul. De Chrëschtmart gëtt vun de Kanner an den Enseignanten aus der Réiser Gemeng organiséiert. (Mat frëndlecher Ennerstetzung vun de Gemengenaarbechter).

D'Kanner präsentéieren hier flott Bastelaarbechten a bei guddem Iessen an engem Glühwain (et gëtt natierlech och Softdrinks) kann een den Owend dann ausklénge lossen.

Bis hoffentlech e Mëttwoch.




PRS - Resultater

19.11.2010

An Zesummenaarbecht tëschend dem Comité d'Ecole an den Elterenvertrieder hunn zwee flott Owender statt fonnt. Esou munchen Elterendeel hat sech zu Béiveng am Centre Culturel afonnt, fir d'Resultater ze gesinn an awer och iwwert méiglech Zieler fir de PRS matzediskutéieren. Ennert der Moderatioun vum Pino Fiermonte goufen d'Resultater vun de Questionnairen publizéiert an diskutéiert.

Hei fannt dir dann d'Resultater vun de Questionnairen.



Schlittschongfueren

10.11.2010

Juhuuuuu

Wéi schonn déi Jore virdrun gi mir erem Schlittschong fueren. Den 10. an den 11. November ginn d'Kanner aus dem Réiserbann mat der Schoul op d'Kockelscheier a machen do d'Schlittschongpist onsecher :-) E grousse Merci un de John, deen daat ganzt, wéi schonns déi Joren virdrun organiséiert huet. Esou musse mir alleguerten just nach dohinner goen, a kënnen eis um Ais ameséieren!! Juuuuhuuuuu Da wënsche mir jidderengem wéi ëmmer "Hals- und Beinbruch" a vill Spaass.



PRS-Owender den 16. an den 18. November

02.11.2010

Léif Elteren, léif Enseignanten

Heimat wëlle mir just drun Erënneren, dass d'Elterevertrieder an zesummenaarbecht mat dem Comité d'Ecole 2 Informatiouns- an Diskusssiounsowender organiséieren. Daat zum Thema PRS (Plan de Réussite Scolaire). Hei ginn dann och déi verschidde Reslutater vun de Questionnairen publizéiert, déi d'Elteren, d'Kanner wéi och d'Enseignanten ausgefëllt hunn. D'Agence de Qualité huet déi Questionnaire ausgewärt an de 16. an den 18. November kann een sech doriwwer informéieren an austausche kommen.

Déi 2 Owender fannen am Centre Culturel zu Béiveng statt!

  • 16. November fir d'Elteren an Enseignanten aus de Krautemer Schoulen
  • 18. November fir d'Elteren an Enseignanten aus de Bierchemer Schoulen


  • Déi 2 Owender gi moderéiert vum Pino Fiermonte an fänken jeweils um 19 Auer un.

    D'Präsentatioun vun de Resultater ass op Lëtzebuergesch mat simultaner Iwwersetzung of franséisch!




    Eischt Viregt Nächst Lescht