Zum Haaptinhalt sprangen

News

News



Eischt Viregt Nächst Lescht

Weihnachten im Schuhkarton

29.10.2010

Dëst Joer huet den TCM 3 (Team Cycle Moyen) bei der Aktioun "Weihnachten im Schuhkarton" matgemach. Heimat kréien aarm Kanner an östleche Länner e klenge Kado. Et geet drems, deenen Ärmsten vun den Ärmsten fir Chrëschtdag eng kleng Freed ze machen. Mir haten just 2 Wochen, an deene d'Kanner mat der Ennërstetzung vun den Elteren an den Enseignanten Schongkartonen gesammelt a mat neie Saachen gefëllt hunn. An all Këscht koumen Spillsaachen (Petzi, Autoen, Poppen), Gezai (Mutz, Hänschen, Strëmp,...), verschidde Séissegkeeten (Schokla, Kamellen,..) mee och Saachen wéi Seef an Zännbiischt mat Zahnpasta, Faarwen an Hefter,....

Voller Stolz krute mir mat der grousser Mathëllef vu jidderengem aus dem TCM 21 Këschten zesummen. Eis Kadoen ginn zesummen mat anere Këschten aus Lëtzebuerg en Dënschden, den 2. November op Bitburg an eng Sammelstell gefouert. Vun do aus geet et dann an den Osten. D'Këschten déi vu Lëtzebuerg kommen, ginn dëst Joer a Rumänien, wou a verschiddene Regiounen d'Leit a ganz arme Situatioune liewen. Mat Weihnachten im Schuhkarton versiche mir e klenge Baitrag ze leeschten, fir, dass d'Kanner e bessi méi flott Chrëschtdaag kréien.

Wéngst dem groussen positive Feedback vun deenen anere Klassen, versiche mir daat nächst Joer esou vill wéi méiglech Klassen aus der Réiser Gemeng dozou ze mobiliséieren (merci Françoise) fir bei der Aktioun matzemachen.

E grousse MERCI un d'Laura R. waat sech dëst Joer drems gekëmmert huet, dass all déi Këschte vu Lëtzebuerg op Bitburg kommen.



Zevill Stress an der Schoul?

26.10.2010

De SPOS organiséiert en Informatiounsowend zum Thema: "Zevill Stress an der Schoul?". Duerch den Owend féiert den Docter a Psychater Patrice Huerre. Daat ganzt fënnt Méindes, den 22. November am Kolléisch statt. Avis aux Amateurs.
 Pdf.pdf (81 KiB)



Schoulhaff Krautem 2. Phase

01.10.2010

Et geet weider......

Esou wéi versprach, ass no dem Ofschléissen vun der éischter Phase direkt och erem mat der zweeter Phase ugefange ginn. Lues awer secher kann een sech virstellen, waat esou nach alles am Haff opgericht wäert ginn. E flott Plakat weis zwar waat een an Zukunft eng kéier am krautemer Schoulhaff vun Attraktioune fanne kann, mee wann et bis a Wierklechkeet do steet ass et awer emmer erem eppes anescht.

Mir freeën eis op all Dag, wou mir gesinn, dass de Schoulhaff wirklech verschéinert gëtt. Puhh, no langem waarden geet et entlech esou richteg weider.



2. Deel vum Schoulbuet

24.09.2010


Nodeems de Schoulbuet dëst Joer aussergewéinlech fréi eraus komm war, daat fir den Elteren schonn an der Vakanz en Iwwerbléck ze ginn, waat fir eng Equipe Pédagogique sech dëst Joer em hiert Kand këmmere wäert. Desweideren konnt een an dësem Buet och schonns déi verschidde Bushorairen erem fannen. Leider war de Buet awer net ganz komplett, et hunn nach verschidde Posten an der Gemeng besaat gi missen.

Elo an dëse Buet, fënnt een dann déi néideg Informatiounen nach, déi am éischte Schoulbuet gefeelt hunn.

Leider ass a kengem vun de Bueten d'Angèle Schiltz ernimmt ginn. Leider! Mee bon, da gëtt eeben op dësem Wee jidderee gewuer, dass mir frou sinn, dass d'Angèle Schiltz dëst Joer och erem am 1. Cycle zu Bierchem aktiv ass. Hat huet och schonns d'läscht Joer bei eis geschafft gehat, a mir si frou, dass et erem bei eis komm ass.
Sorry fir dee klenge Mëssel!

 Pdf.pdf (2.93 MiB)



Schoulhaff Phase 1 fäerdeg

20.09.2010

Déi éischt Phase vun der Emstrukturéierung vum Schoulhaff ass pünktlech zum Schoulufank opgangen. Hei kënnen sech grouss a kleng Kanner op verschiddene Spiller hiere Glaichgewichtssënn an hier Kloterkënscht trainéieren an hierer Spillloscht fraië Laaf loossen.

Grouss Deeler vum kaale groë Beton hu missen der Wiss a ville klenge Beemercher an Hecken plaatz machen. Eng flott Rutschbahn suergt fir e klengen Adrenalinschub an der Paus.



Schoulufank

02.08.2010

Léif Kanner, léif Elteren, léif Alleguerten :-)

D'Schoul fängt wéi esou oft schonns, de 15. September erem un. Daat ass op engem Mëttwoch. All Titulairen si wéi ëmmer, den éischten Daag an hiere Klassen an empfänken déi nei an déi manner nei Kanner. Déi Leit, déi Aiden en Classe oder/an eng Tâche als Surnuméraire machen, ginn de ganze Moien sech an hier Klasse virstellen.
Mëttes fänkt de ganz normalen Schoulbetrieb erem un, mat dem "normale" Stonneplang. Da sinn och erem Décharge Stonnen.

Vill Spaass

Wien nach weider Froen huet, ka sech déi Verschidden Informatiounen am Schoulbued ukucken
 Pdf.pdf (5.34 MiB)



Moderniséierung vun der Mediathéik / De Filmsall plënnert

15.07.2010

Mediathéik
Mat grousser Freed, kënne mir matdeelen, dass eis Mediathéik an der Vakanz méi grouss, méi schéin a méi modern gëtt. Eis aal Mediathéik konnt dem groussen Ustuerm net méi stand haalen, a war just nach Sall, wou verschidde Materialien stockéiert gi sinn. Elo gëtt alles anescht.
Esou kritt all Buch, all Media seng wuelverdéngte Plaatz. Duerch d'Vergréisserung ereeche mir och, dass een sech an der Médiathéik ophaale kann an esou guer a klenge Gruppen do schaffe Kann.

E grousse Merci un de Grupp Mediathéik fir hier fantastesch Aarbecht, der Gemeng, déi eis formidabel ënnerstëtzt an den Gemengenaarbechter, déi alles an der grousser Vakanz erleedegen, fir, dass mir esou séier wéi méiglech erem an de Bicher stöbere kënnen.

Filmsall
Duerch d'Mediatéiksvergréisserung muss de Filmsall plënneren. Den Albert plënnert dann erop an den "aale" Mulitfontionelle Sall". Dee Sall ass dann och ganz nei op seng nei Aarbecht virbereed ginn. Nei Still, déi am Trapeformatioun stinn si bestallt an erméiglechen e ganz neie Feeling beim Filmprojet mam Albert!



Fussball WM zu Réiser

16.06.2010

No dem Ufank vun der Fussballweltmeeschterschaft a Südafrika geet e Freiden, den 18. Juni et och lass mat der FussballWM zu Réiser. All d'Klassen aus der Krautemer Schoul huelen un dësem Fussballturnéier deel. Um 8 Auet ginn déi éischt Matcher un! Gespillt gëtt an Alterskategorien. All Equipe spillt mindestens 3 Matcher. Maximum sinn et der 4.

D'Fussballturnéier ass den 3. Deel vum Sportsdag! Mir si scho Schlittschong gefuer, iwwer 1600km gelaaf, an elo gëtt Fussball gespillt.

Wéi ëmmer e grousse un den Organisatiounskomitee!! An de Fussballspiller vill Chance!!




Schoul-Charta E grousse MERCI

14.06.2010

D'Schoulcharta hëlt esou lues hier definitif Form un. E grousse MERCi un all d'Kanner déi hieren Deel dozou bäigedroen hunn. Mee och bei den Elteren ass d'Iddi vun der Charta gutt ukomm. Eng ganz Rei Leit hu sech iwwer de Roeserschool.lu oder iwwer Pobeier geäussert a konstuktiv un der Elaboration vun der Charta matgeschafft. Den Aarbechtsgrupp vun der Schoulcharta ass am gaang alles auszewäerten an zesummen ze stellen. Mir freeën eis op d'Endergeebnis!!



Galileo Science Mobil kënnt erem op Réiser

19.04.2010

Am Mee kënnt de Galileo-Sciencebus entlech erem op Réiser. 3 laange Joren hu mir misse waarden a freeën eis, dass elo erem eng nei Ausstellung am Science Mobil ass. Waat gëtt do gemach? Op einfach Aart a Weis a fir jidderee verständlech ginn do mat Schoulklassen Experimenter zu aktuelle wëssenschaftlechen an techneschen Theme gemaach. Dëst Joer kënnen eis Kanner sech op folgend Thema freeën: De Sënn vun de Sënner, Kucken, Richen, Schmaachen, Héieren, Taaschten.




Eischt Viregt Nächst Lescht