Zum Haaptinhalt sprangen

Grondschoul vu Réiser

Chrëschtmaart 2010 zu Krauthem an der Schoul

12.12.2010

Wien Loscht huet op flott Chrëschtdaagsstëmmung a gudd Iessen, invitéiere mir e Mëttwoch de 15. Dezember, vu 16 bis 20 Auer, op eise Chrëschtmart an der Krauthemer Schoul. De Chrëschtmart gëtt vun de Kanner an den Enseignanten aus der Réiser Gemeng organiséiert. (Mat frëndlecher Ennerstetzung vun de Gemengenaarbechter).

D'Kanner präsentéieren hier flott Bastelaarbechten a bei guddem Iessen an engem Glühwain (et gëtt natierlech och Softdrinks) kann een den Owend dann ausklénge lossen.

Bis hoffentlech e Mëttwoch.


Den Erléis vum Chrëschtmaart geet un "d'Colonie de Vacances", déi och den Haaptorganisator vum Event ass. "D'Colonie de Vacances asbl" leet de Kanner, déi mat hirer Klass an d'Kolonie fueren, en Deel bai, esou, dass et fir keen zevill deier gëtt!