Zum Haaptinhalt sprangen

News

News



Eischt Viregt Nächst Lescht

PISA-Etude

26.01.2003

Als Viirbereedung op déi Deeg (News vum 26. Januar - PISA-An elo?) wou mer iwwert d'PISA-Etude an de skandinavesche Schoulsystem diskutéieren, hei nach e puer Informatiounen:
E Mëttwoch, den 29.01.03, as an der Chamber d'Orientéierungsdebatt iwwert d'PISA-Etude ugesot !
Wat bedeit PISA?
"Programme for International Student Assessment"
Hei ein kuurz Erklärung déi een op Learn-line Nordrhein Westfahlen fënd: "Alle drei Jahre misst PISA die Leistungen von 15-jährigen Schülerinnen und Schülern in den Bereichen Leseverständnis, Mathematik und Naturwissenschaften. Zusätzlich werden fächerübergreifende Kompetenzen erfasst, die Auskunft darüber geben sollen, inwieweit die Jugendlichen in der Lage sind, die erworbenen Kenntnisse und Fertigkeiten zur Bewältigung von alltäglichen Aufgaben und Problemen einzusetzen. Die Ergebnisse von PISA werden unter Berücksichtigung der sozialen Lern- und Lebensbedingungen der Jugendlichen ausgewertet."
Also - Ausser, dat erauskomm as, dat esou munches an der Educatioun schief läit, huet ët näischt mam bekannten Turm vu Pisa ze din.
Vu wiem gouf d'PISA-Etude duerchgefouert?
Vun der OECD - also der Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenarbecht an Entwécklung. Um Edukatiounsministär kann een sëch de lëtzebuerger Rapport zu der PISA-Etude mat alle Statistiken eroflueden (op franséisch an däitsch). Och um Site vun der Lëtzebuerger Regierung fënd e weider Informatiounen.

D'FGIL huet eis de Film 'SPITZE-Schule am Wendekreis der Pädagogik', frëndlecherweis zu Verfügung gestallt, an as duerch de Patrick Arendt vertrueden, dee mat enger Delegatiun a Finnland war, fir sëch op der Plaaz iwwert hiere Schoulsystem ze informéieren. Interessantes a Kritesches zu Finnland fënd sëch z. Beispill hei: www.finland.de/pisa-studie/
De Film selwer, beschäftegt sëch allerdéngs nët eleng mat Finnland, me och mat anere skandinavesche Länner.
Hei as nach eng kéier d'Kaart fir de Centre Culturel vu Béiveng ze fannen. (Einfach drop klicken fir méi grouss uweisen ze lossen!)


>>
All News zum Thema PISA uweisen>




Formatioun

23.01.2003

Déi nächst Formatioun as:
e Mëttwoch den 29.01.03 um 13.30 - 16.00 Auer. Thema:
Wéi kann een do d'Méiglechkeete vum Computer notzen fir Léierfortschrëtter ze dokumentéieren?

Besteet e spezielle Besoin fir an engem Projet op Medien a Computer zeréckgräifen ze kënnen oder differenzéiert Arbechtsmethoden unzewenden, kann een sëch eng Berodung a Formatioun dozou froen (individuell oder am klenge Grupp).
Demande fir Formatioun, Begleedung a Berodung: computer@roeserschool.lu




PISA - An elo?

16.01.2003

DISCUSSIOUNS-NOMETTEG iwwert d'PISA Studie an de Film 'SPITZE-Schule am Wendekreis der Pädagogik', vum Reinhard Kahl (Archiv der Zukunft ©2002).
De 4.02.03 um 14.30 Auer zu Béiweng am Kulturzenter.
INVITEIERT sin d'Enseignanten vun der Gemeng Réiser an déi aus den Nopëschgemengen Betebuerg, Hesper, Fréiseng a Weiler.

DISCUSSIOUNS-OWEND fir d'Elteren vun de Réiser Schoulkanner zum selwechten Thema.
De 6.02.03 um 19.30 Auer zu Béiweng am Kulturzenter.

D'Presentatioun vum Film geschitt an Zesummenarbecht mam SEW an der FGIL. Dëse Film beschreiwt de skandinawesche Schoulsystem, a wéi e probéiert op d'Erausfuerderungen, déi un de Bildung vun haut gestallt gin, ze äntweren.

E puer Zitater aus dem Film sin zum Beispill:
'Arm und elend sind wir, wenn wir jetzt auch noch dumm werden, können wir aufhören ein Staat zu sein.'
Christian VIII.
oder vun engem Schüler:
'Ich bin mir sicher, dass es meinen Stundenplan nur einmal gibt.'
a vun engem Enseignant:
'In Mathe haben wir einen Sechstklässler, der Achtklässlern hilft.
Im alten Schulsystem war das unmöglich.'

Hei fënd een nach weider Informatiounen zum Film:
Videofilm von Reinhard Kahl




GESOND IESSEN - GESOND LIEWEN

16.01.2003

De Projet "GESOND IESSEN, GESOND LIEWEN" gouf vum 3. a 4. Schouljoer vu Crauthem, am Kader vun der Eveil aux sciences an ënnert der Leedung vum Liliane Cruchten a Sandra Palleva réaliséiert.

De Video, deen de Projet dokumentéiert, kann e beim Liliane Cruchten bestellen.




Krëschtmaart Fotoen

21.12.2002

E Méindeg war zu Crauthem an der Schoul eisen traditionellen Krëschtmaart. An der Turnhal goufen et Verkafsstänn matt Krëschtdekoratiounen, Bullen a Figuren fir op den Krëschtbeemchen, Krëschtkaarten, Gebäck a villes méi! Um Rez-de-Chaussé konnten eis Gäscht sech Kaffi a Kuch, Schocki, Panecher, Sandwichen, Glühwäin, Käschten an esouguer Raclette gudd schmaachen loossen.

Um halwer Véier hunn d'Kanner aus dem 3. an 4. Schouljoer Krëschtlidder gesongen. Um véier Auer huet d'Mme Cruchten och en Film zum Projet "Gesond Iessen - gesond Liewen" virgestallt.

Den Benefice vum Iessen a vum Gedrénks geet un d'Colonies de Vacances Réiser ASBL.
Links:
- Fotoen vum Krëschtmaart
- Méi Informatiounen iwert d'Colonies de Vacances



Krëschtmaart

12.12.2002

E Méindeg, den 16. Dezember invitéieren d'Schüler an d'Léierpersonal aus der Réiser Gemeng ab 15 Auer op hiren traditionellen Krëschtmaart an der Crauthemer Schoul. Op den Bastelstänn kënnt dir flott Krëschdag-Artikelen kafen. Awer och fir ärt kulinarescht Wuelbefannen ass gesuecht: Et gët Schocki, Glühwäin, Panescher, Kuch, Sandwichen, Käschten a Raclette!



Nei Funktioun: Bicher online bewerten

19.11.2002

 Op den Säiten vun eiser Mediathéik ass et ab elo, niewt deenen Funktiounen, déi scho méi laang bestinn (an der Datenbank sichen, Beschreiwungen iwer d'Bicher liesen, Artikelen reservéieren...), och méiglech, direkt zu den Bicher online een Kommentar derbäizeschreiwen. Ausserdeem kann een eng Bewertung ofginn (bei méi Bewertungen zum selweschten Artikel get och automatesch eng Moyenne gerechent).

Sou ass et elo also méiglech, dass d'Kanner hir Meenung zu den Bicher bequem veröffentlechen kënnen, an hieren Mattschüler bei der Auswiel vun spannenden oder lëschtegen Bicher hëllefen kënnen.




Indianer Projekt

15.11.2002

 Kinder aus dem 4. Schuljahr beschäftigten sich im Oktober mit dem Thema Indianer. Nachlesen kannst du die Texte im Wiki Projekt "Der wilde Westen". Hier findest du jede Menge Informationen und Bilder zum Thema Indianer.




Séchere Schoulwee

18.10.2002


"Séchere Schoulwee am Réiserbann" ass ee Projet, deen am Laf vum leschte Joer entstaanen ass. Eis Gemeng huet sech zum Ziel gesat, d'Geforen um Schoulwee vun de Kanner esou gutt wéi méiglech ze minimiséieren. Zesummen mat de Kanner goufen dunn d'Geforepunkten opgeholl (cf z.B. Wiki Projet Verkehrssicherheit in Berchem und Biwingen) an et gouf versicht Léisungen ze fannen.

Wann d'Kanner sech moies matt Zäiten op de Schoulwee maachen, ass et wichteg, datt si vun den Autoe gesi ginn. De Blinki (e liichtenden Teddy-Bär fir un de Rucksak, deen d'Gemeng de Kanner ausgedeelt huet) soll hiere Begleeder sinn duerch déi däischter Wanterméint.

Ausserdeem sin eis Trottoiren plazeweis matt grénge Féiss decoréiert ginn. Déi Féiss sollen de Kanner de séchere Wee an d'Schoul oder op de Bus weisen.

Et ass och geplangt, dass d'Enseignanten d'Kanner an nächster Zukunft eemol op hirem Schoulwee begleeden, fir si op méiglech Gefohrenpunkten ze sensibiliséieren an hinnen ze weisen, wéi een sech als Foussgänger am Stroosseverkéier verhalen soll.

Et ass kee Geheimnis datt frësch Loft zum Opbau vun den Ofwierkräften an zur Verbesserung vun der Leeschtungsfähegkeet bäidréit. Mir hunn elo versicht de Kanner d'Méiglechkeet ze ginn, sécher um Schoulwee hieren, dach esou wichtegen, Sauerstofftank opzefëllen.



Kolla Indios an der Schoul

23.09.2002

Freides, den 11. Oktober kommen Vertrieder vun den Kolla Indios aus Argentinien an d'Réiser Schoulen op Besuch.

Si besichen eng Rei Klassen, déi hinnen verschidden Aspekter vu Lëtzebuerg présentéieren (z.B. lëtzebuerger Spiller, lëtzebuerger Geographie...). D'Kanner kënnen natierlech och vun där Geleegenheet profitéieren, fir den Indios Froen iwer hir Kultur ze stellen.

Dat ganzt fënd statt am Kader vun enger Partnerschaft, déi schon zenter 1992 zwëschen der Réiser Gemeng an den Indios-Kommunitéiten vun Los Naranjos, Rio Blanquito an Angosto del Parani besteet.

Weider Informatiounen iwert d'Indios an Argentinien ginn et hei.



Eischt Viregt Nächst Lescht