Grondschoul vu Réiser

PISA-Diskussiounsowend fir Elteren (an Enseignanten)
06.02.2003![]() | DISCUSSIOUNS-OWEND iwwert d'PISA Studie an de Film 'SPITZE-Schule am Wendekreis der Pädagogik', vum Reinhard Kahl (Archiv der Zukunft ©2002) zu Béiweng am Kulturzenter. Präsent sin 53 Leit. d'Elteren vun de Réiser Schoulkanner, soss Interesséierter an natiirlech och Enseignanten an als Represantant vum Schefferot d'Pierrette FERRO. |


Leit kënnen nach Froen dozou stellen, an och hier Meenung zum Film abréngen.
Hei e puer Stëchwieder aus der uschléissender Diskussioun:
D'Ausbildung vun den Enseignanten as eng ganz aner.
As de fait, dat Schüler eventuell d'PISA-Tester nët seriös geholl hun grad en Indiz dofir, dat mer eng falsch Mentalitéit erunzillen. Nämlech déi, dat wann ët net fir d'Zensur zielt, gët ët net eecht geholl.
Sie hun eng Ganzdagesschoul - wou Kanner eben och de ganzen Dag enkadréiert gin. Hausaufgaben gët ët kaum. D'lëtzebuerger Schoul baut staark op d'Elteren op a verstärkt domat d'sozial Differenzen.
T'as nët esou, dat d'Kanner a Finnland nët leeschtungsorientéiert génge schaffen. Hier Autonomie schéngt awer d'Basis fir eng aner Motivatioun ze sin.
Esou e Projet verlaangt allerdéngs duerno dat Elteren matmachen an ët esouguer a Gang bréngen.
De Respekt deen de Kanner an der Schoul entgéint bruecht gët, z.B. duerch d'Unerkennen vun hiere Méiglechkeeten a Leeschtungen, huet e wichtegen Undeel un der Mentalitéit, déi d'Kanner duerno entwéckelen.
Hei fënd een nach weider Informatiounen zum Film: Videofilm von Reinhard Kahl
All News zum Thema PISA uweisen
Schreif déng perséinlech Meenung an eise PISA-FORUM a lies wat anerer zu wichtege Schoulthemen denken.