News
News
Coupe Scolaire
24.05.2003![]() ![]() | Och dest Joer huet d'Elternvereenegung aus dem Réiserbann, an Zesummenaarbecht matt der Sécurité Routière, der Réiser Gemeng an der Schoul, d'Coupe Scolaire organiséiert. Zweck vun deser Manifestatioun ass et, d'Kanner aus den 5. an den 6. Schouljoer ze léieren, wéi si sech mam Velo richteg op der Strooss verhalen sollen. Am Virfeld gouf an den Klassen d'Theorie präpaéiert an d'Kanner hunn een theoreteschen Test geschriwen. E leschten Donnegdeg war et dunn esou wäit, an d'Kanner sinn mam Velo een Wee vun enger Véirelsstonn duerch Crauthem a Réiser gefuer. Op villen Kontrollpunkten gouf gekuckt, op d'Kanner sëch un d'Vekéiersreegelen gehalen hunn (Richtung mam Aarm uweisen, no hannen kucken, Virfahrtsregelen beuerchten...) Tëschent allen Kanner, déi gudd an der Coupe ofgeschnidden hunn, gouf zum Schluss een Finalist ausgeloust, deen un der nationaler Final deelhuelen kann. All d'Kanner déi matgemaach hunn, kruten awer och een kléngen Cadeau! >>> Fotoen vun eiser Coupe Scolaire (18) >>> Coupe Scolaire Nationale (Sécurité Routière) |
Reflexiounsnometteg
26.04.2003Virun zwee Méint gouf zu Réiser den Film SPITZE - Schule am Wendekreis der Pädagogik vum Reinhard Kahl (Archiv der Zukunft, ©2002) presentéiert. Als Suite douzou organiséiert den Comité de Cogestion Dënschdes, den 6. Mee een 2. Reflexiounsnomëtteg fir d'Léierpersonal aus der Réiser Gemeng ënnert dem Motto "Kollaboratioun ënnert Enseignanten". Bei deser Geleegenheet ginn och aktuell an zukünfteg Projeten präsentéiert an diskutéiert an Erfahrungen ausgetosch.
>>> Liest elo de Rapport vum Reflexiounsnomëtteg
Links:
Pisa-Forum
All News zum Thema Pisa uweisen (mat Live Rapporten)
OECD-Pisa
Schoulsportdag
04.04.2003![]() ![]() ![]() | Den 3. oder den 4. Abrëll haten all eis Klassen e ganzen Moien interessanten Sportsaktivitéiten. All Klass konnt sech an 3 respektiv 4 vun den folgenden Atelieren aschreiwen: Dëschtennis, Judo, Handball, Trampolin, Danzen, Fussball, Step-Aerobic, Schwammen, Velo, Lafen, Basketball, Bouschéissen, Psychomotorik, Sport an Ernährung. Aus organisatoreschen Grënn waren donnegdes d'Kanner vum 3. bis 6. Schouljoer a vun der Ediff un der Rei, während freides d'Spillschoulen an d'1. an d'2. Schouljoeren hiere Sportsdag haten. Fir d'Verpflegung war gesuergt (Waasser, Vollkornbréidecher, Äppel a Banannen). Donnegdes mëttes haten außerdem den Tennis- an den Handball-Club eng Porte Ouverte, wou si sech virgestallt hunn. Nach eng Kéier een décken Merci un all d'Veräiner a Leit, déi eis bei deser flotter Manifestatioun ënnerstëtzt hunn! Fotoen vun den Schoulsportdeeg |
Krieg im Irak
24.03.2003Am 20. März gegen 3.30 Uhr hat im Irak der Krieg begonnen.
Dies ist sicherlich keine gute Nachricht und wir haben sogar gezögert sie auf unserer Homepage zu veröffentlichen.
Zeitungen und Fernsehsender bringen laufend Informationen zu den Hintergründen dieses Krieges und zu den aktuellen Ereignissen.
Diese Informationen sind für Kinder und Erwachsene oft nicht verständlich und richtig einzuordnen.
Da es keine Lösung ist NICHT darüber zu sprechen, auch wenn das ganze Thema schwer zu durchschauen ist, haben wir uns entschlossen auf die Kinder-Webseite des KIKA-Senders zu verweisen.
Hier wird versucht sachlich über das Thema zu informieren, und die Kinder über Begriffe aufzuklären, mit denen sie täglich konfrontiert werden.
LOGO - Nachrichten für Kinder.
In einem Forum können die Kinder auch ihre eigene Meinung dazu äußern.
Eltern können sich allerdings auch hier zu Wort melden.

Televie
11.03.2003Dëse 5ten Abrëll as iwerall am Land groussen Télévie Dag. D'Actioun Télévie ënnerstetzt d'Recherche géint de Kriips a speziell géint d'Leukémie bei de Kanner.
Den John Rech an den Eric Falchero hun speziell fir dësen Dag en Lidd geschriwwen, dat si zesummen mat villen lëtzebuerger Muséker opgeholl hun. Mat dobäi woren och d'zweet an d'véiert Schouljoër vun Bierchem. Zesummen mat ODC (Talents 2002) hun si mat vill Engagement an den Linster Studios den Refrain gesongen an opgeholl.

D'Maxi-CD mam Lidd "deng Hand" kënnt an den nächsten Deeg an d'Plakkebuttécker an ët gët esou guer e Video produzéiert, wou d'Kanner natierlech och mat derbäi sin.
Den Erléis geet selbstverständlech un d'Actioun Télévie.
Gitt der Hoffnung eng Chance. Maacht mat beim Télévie!
Astronomie
25.02.2003Einführung in die Astronomie
Sensation ! Entdeckung von 7 neuen Jupitermonden im Februar 2003.
Aktuell finden eine Reihe von Präsentation statt, die den Kindern und LehrerInnen die Astronomie näher bringen soll. Die Weiten des Universums und die Gestirne haben seit Urzeiten die Menschen beschäftigt. Mit modernsten Mitteln ist es heute möglich das All immer weiter zu erforschen. Dies ist die Aufgabe der Astronomie, ein Gebiet, in das Nicolas Feierstein, Prof. Ing. und Präsident des Vereins 'Astronomes Amateurs du Luxembourg'(AAL) einen Einblick geben wird.
![]() | Ein Vortrag dauert etwa eine Stunde und ist allen Klassen ab dem Kindergarten zugänglich. Vorführungen finden an folgenden Tagen, jeweils morgens statt: 7.03. /10.03. / 11.03. / 12.03. /13.03. (Berchem) / 14.03.(Berchem) Ort der Vorführungen: Kinosaal in Crauthem / Gemeinschaftsraum in Berchem Zuschauermenge: maximal 2 Klassen gleichzeitig. Einschreiben kann man sich in der Liste im Lehrerzimmer in Crauthem oder per eMail (coco). |
Auf unserer Homepage findest du auch ein offenes Projekt zum Thema Weltraum. Jeder kann an diesem Projekt weiterarbeiten, Informationen und Referenzen hinzufügen.
Vergiss nicht die Gelegenheit zu Nutzen, dich in der Mediathek zum Thema zu informieren! Du kannst auch gleich dort Informationen verarbeiten. Zu diesem Zweck stehen neuerdings 3 Computer (mit Internet und Intranet-Server Zugang) plus ein Scanner zu Verfügung.
Direktsuche in der Mediathek :
In der Mediathek ist bereits ein Regal vorbereitet worden, in dem Bücher zum Thema Weltraum ausgestellt sind.
Öffnungszeiten der Mediathek.

Diese Fotos sind von der Internseite des AAL
Auf der Homepage, des Astronomievereins, kann man sich die Bilder einzeln und großformatig anschauen. Mit einem Klick auf den Bildstreifen gelangt man gleich zu der entsprechenden Bildergalerie.
Kachbuch
11.02.2003D'Klass vum Josette Schütz a vum Sylvie Conrady hun zesumme mat de Kollege Rita Bleser a Felicie Entringer vun Duelem e Projet iwwert Kachen duerchgefouert an bei deer Geleenheet e Kachbuch zesummegestallt. De Projet as iwwert een Trimester gelaaf. D'Kanner hu Rezepter geschriwwen an se selbstverständlech och ausprobéiert an d'Resultat dovun opgiess. Et huet hinnen all kéier gut geschmacht. D'Kachbuch op CD-ROM kann an der Mediathéik ausgeléint gin et heescht: "Wir kochen"
Eng flott Inspiratioun an dësem Kontext war sëcher och D'Buch 'De Bräiläffel - Ein Kochbuch für Kinder' vum Nadine Bissen, Christiane Müler a Christian Wolzfeld.
D'Kachbuch as geschwënn och an der Mediathéik verfügbar. Fir weider Informatiounen soll een sëch un d'Sylvie Conrady oder un d'Josette Schütz wenden.
Nach eng interessant Initiativ zum selwechten Thema, war de Projet 'GESOND IESSEN - GESOND LIEWEN' vum Liliane Cruchten a Sandra Palleva.
![]() | ![]() | ![]() |
Besuch vum Guy Rewenig
10.02.2003![]() ![]() | An deenen leschten Wochen war de bekannten lëtzebuerger Schrëftsteller Guy Rewenig e puer mol an eiser Schoul zu Gaascht. Hien huet deenen interesséierten Klassen aus séngen Wierker virgelies. Duerno huet hien de Kanner Froen beäntwert (souwuel iwert séng Texter, wéi och iwert den Beruff vum Schrëftsteller). Hei e puer Auszich, déi eisen Kanner besonneg gudd gefall hunn: "Et muss en dat Lach mat den Zänn hannendrun kussen." (Thierry) "D'Vanessa schéckt dem Jean-Claude e Bréif mat engem Knätsch. Hat huet deen 8 Deeg lang geknäscht. De Jean-Claude kann en och knätschen, muss en awer dem Vanessa zeréck gin wann en färdeg as." (Gwendy, Sarah, Vanessa) Weider Auszich fënnt een am Wiki-Projet vun der Klass Deischter. |
Back to Basics
07.02.2003D'Thema as nach laang nët ausdiskutéiert. Eng nei Geleenheet fir sëch ze informéieren, villäicht och ze réagéieren, an dat un éischter Adress, bid sëch e Méindeg, den 10. Februar, am Centre Nicolas Braun bei der Gemeng zu Hesper.
E Viirtrag vun der Madame Anne Brasseur: D'Schoul als Virbereedung op muer
Themen déi sollen ugeschnidde gin, sin:
All News zum Thema PISA uweisen
Schreif déng perséinlech Meenung an eise PISA-FORUM a lies wat anerer zu wichtege Schoulthemen denken.
PISA-Diskussiounsowend fir Elteren (an Enseignanten)
06.02.2003![]() | DISCUSSIOUNS-OWEND iwwert d'PISA Studie an de Film 'SPITZE-Schule am Wendekreis der Pädagogik', vum Reinhard Kahl (Archiv der Zukunft ©2002) zu Béiweng am Kulturzenter. Präsent sin 53 Leit. d'Elteren vun de Réiser Schoulkanner, soss Interesséierter an natiirlech och Enseignanten an als Represantant vum Schefferot d'Pierrette FERRO. |


Leit kënnen nach Froen dozou stellen, an och hier Meenung zum Film abréngen.
Hei e puer Stëchwieder aus der uschléissender Diskussioun:
D'Ausbildung vun den Enseignanten as eng ganz aner.
As de fait, dat Schüler eventuell d'PISA-Tester nët seriös geholl hun grad en Indiz dofir, dat mer eng falsch Mentalitéit erunzillen. Nämlech déi, dat wann ët net fir d'Zensur zielt, gët ët net eecht geholl.
Sie hun eng Ganzdagesschoul - wou Kanner eben och de ganzen Dag enkadréiert gin. Hausaufgaben gët ët kaum. D'lëtzebuerger Schoul baut staark op d'Elteren op a verstärkt domat d'sozial Differenzen.
T'as nët esou, dat d'Kanner a Finnland nët leeschtungsorientéiert génge schaffen. Hier Autonomie schéngt awer d'Basis fir eng aner Motivatioun ze sin.
Esou e Projet verlaangt allerdéngs duerno dat Elteren matmachen an ët esouguer a Gang bréngen.
De Respekt deen de Kanner an der Schoul entgéint bruecht gët, z.B. duerch d'Unerkennen vun hiere Méiglechkeeten a Leeschtungen, huet e wichtegen Undeel un der Mentalitéit, déi d'Kanner duerno entwéckelen.
Hei fënd een nach weider Informatiounen zum Film: Videofilm von Reinhard Kahl
All News zum Thema PISA uweisen
Schreif déng perséinlech Meenung an eise PISA-FORUM a lies wat anerer zu wichtege Schoulthemen denken.