News
News
Traditionelt Eckerchesturnéier, 2019
26.05.2019De Sportsgrupp huet nees en Eckerchesturnéier, den 23. a 24.5.2019,
organiséiert!
Eckerches gëtt och oft als „falsche Baseball“ bezeechent – dh. 2
Equipen spillen géinteneen, déi eng sinn d’Feldspiller an déi aner
sinn d’Leefer.
All Klassen vum Cycle 1 bis Cycle 4 hunn deel geholl. Esou hunn zum
Beispill déi 2 Equipe 'FC kromme Fouss - staark,schnell,schlau'
géinteneen gespillt.
Fairen Sport ass wärend 2 Deeg an der Sportshal gebueden ginn, an
dobäi huet jiddereen sech immens amuséiert, déi grouss esou gutt wéi
déi kleng.
En decken MERCI un d'Sportler, d'Organisatiounsequip, Traineren,
d'Arbitteren, d'Fräiwëlleger.
Et war ganz flott, d'Matcher waren mega spannend, kuckt iech d'Resultater un!
Preparatioun op d’Coupe scolaire
16.05.20191. Etapp
Wéi scho säit e puer Joer hunn d'Kanner aus der Réiser Schoul d'Chance un engem Geschécklechkeetsparcours Deel ze huelen. D'Enseignanten aus dem Cycle 4 an den John Welter, mat Hëllef vun der APE an den EV stellen e Parcours am Haff op d'Been, wou d'Kanner aus em Cycle 4 kënnen mat hirem eegene Vëlo fir d'Coupe scolaire üben. D'Kanner ginn och geléiert sech op der Strooss richteg ze verhalen.
2. Etapp
Verkéiersgaart zu Esch.
Deen ass dëst Joer leider wéinst Bauaarbechten ausgefall.
3. Etapp
D‘Coupe scolaire, déi vun der APE an der Réiser Gemeng organiséiert gëtt. Déi fënnt dëst Joer den 13.06.19 statt.
Kuckt iech d'Fotoën roueg un!
» Galerie
Clever move Parcouren
24.02.2019Am Kontext vu "Clever Move" huet de Sportsgrupp an de Réiser Schoulen
d'Iddi lancéiert eis Gäng zu flotte Beweegungs-Raim a Parcoursen
ëmzegestalten. An Zesummenaarbecht mam Léierpersonal an de Kanner
goufe faarweg Beweegungsweeër ausgeschafft an "opgepecht". D' Zil vun
dësen dekorative Weeër ass eis Kanner zum "kreative Beweegen"
z'animéieren, séi et wann d'Schoul ufänkt, wärend de Schoulstonnen
oder nom Schoulschluss. Jee no Wee gëtt eng aner Beweegung
duerchgefouert (lafen, sprangen, hopsen,...) an dëst mat vill Spaass a
Freed. Hei e puer Andréck vun eise Weeër:
» Galerie
Kolonie Cycle 3.2
05.02.2019Léif Elteren,
Léif Famill a Frënn,
De Cycle 3.2 vu Bierchem aus dem Pavillon ass gutt zu Cochem ukomm :) Mir fréeën eis op eng flott Kolonie.
Léif Gréiss
Fuesbal / Fuesdisco
01.02.2019D' a.s.b.l. colonies de vacances organiséiert erëm fir eis Kanner de Fuesbal an d'Fuesdisco.
Wéini: 12. Februar 2019
Wou: Centre culturel Bivange
De Fuesbal ass fir d'Kanner vum Cycle 1&2 vun 15.00 - 17.30 Auer.
D'Fuesdisco ass fir d'Kanner vum Cycle 3&4 vun 17.30 - 29.30 Auer.
Weider Detailer fannt Dir am Flyer ënnen an der Galerie!
Mir freeën eis op Iech!
» Galerie
Eise Buschauffer Guy geet an d'Pensioun
20.01.2019Laang Joren huet de Guy d'Schüler an d'Léierpersounen hin an hier gefouert. Vill Kilometeren hu mir zesumme gemaach. An ouni säin Engagement wiere vill vun eise Sortien net méiglech gewiescht!
Dofir wollten d'Enseignanten an d'Kanner dem Guy en décke MERCI soen ier hien a seng wuelverdéngte Pensioun geet.
Och nach eemol op dësem Wee: Merci Guy fir deng Aarbecht an däin Asaz!
Wantermaart
09.12.2018No engem Joer Paus, organiséiert d'Colonies de vacances a.s.b.l dëst Joer erëm den traditionellen Wantermaart.
Wéini: 19. Dezember 2018
Wou: Schoulhaff a Buvette Krautem
Auerzäit: vu 16 Auer bis 19 Auer
Wat erwaart Iech: leckert Iessen, Glühwäin, Kaffisstuff, an e speziellen Optrëtt!
Mir freeën eis Iech do ze begréissen!
» Galerie