Zum Haaptinhalt sprangen

News

News



Eischt Viregt Nächst Lescht

Aktiv Paus

27.09.2019

Ab nächster Woch ass et nees esou wäit. All Kanner kennen sech flott Spillsaachen ausléinen kommen fir an der Paus domat ze spillen.





Äddi Streitschlichter

12.07.2019

Mir soen eisen "alen" Streitschlichter déi eis elo fir de Lycée verloossen Äddi! Villmools Merci fir di gutt Aarbecht déi dir als Streitschlichter geleescht hutt, a mir wënschen iech nëmmen dat bescht op ärem weideren Liewenswee!
Och de Coachen e grousse Merci fir hiren Asaz!






Lieschallenge: Detailer

04.07.2019

Mir si ganz houfreg iech matzedeelen, dass d'Kanner aus der Réiser Schoul e Bierg vu 36 Meter Bicher gelies hunn!!!

A mat deem Riesebierg hunn si 6.045€ gesammelt ginn di muer um Schoulfest wäerten iwwerreecht ginn un:
- Millipap
- Kolla Indios

Mir kënne ganz stolz op eis Schüler sinn!



Colonie: Klassen Hammerel an Zens gutt ukomm

02.07.2019

De Cycle 4 (Klassen Hammerel an Zens/Homan) si gutt zu Lëltz ukomm.
Mir wënschen hinnen vill Spaass!



Colonie: Klassen Braun a Jung gutt ukomm

01.07.2019

Mir si gutt an der Kolonie zu Bitburg ukomm. Mir freeën eis op e puer flott Deeg ;-)



Colonie: Klass Nestler gutt ukomm

01.07.2019

Dem Jennifer Nestler an Annick Brix hier Klass (Cycle 3.1) si gutt zu Dreisbach ukomm.
Mir wënschen hinnen vill Spaass!



Colonie: Klass Meyrer gutt ukomm

19.06.2019

D'Klass vum Sandra Meyrer (C2.2) ass gutt zu Iechternach an der Jugendherberge ukomm.
Mir wënschen hinnen vill Spaass!



Aktive Pause

06.06.2019

De Sportsgrupp huet d‘Aktive Paus lancéiert!  Dëst Konzept gesäit vir, dass d’Kanner flott Material kënnen an de Pausen ausléinen, fir eng bewegungsräich, interessant a kooperativ Paus ze verbréngen. D‘Streitschlichter këmmeren sech ofwiesselnd, zesumme mat engem Enseignant, ëm d‘Ausléine vum Material.
D'Begeeschterung ass grouss!




Lies-Challenge gepackt!!

31.05.2019

Mir si ganz stolz iech matzedeelen, dass eis Schoul d'Lies-Challenge gepackt huet!

Detailer wéi di genee Meterzuel u geliese Bicher an di genee Zomme di mir spenden kënnen kommen no!



Eischt Viregt Nächst Lescht