Zum Haaptinhalt sprangen

News

News



Eischt Viregt Nächst Lescht

Schlittschongpiste 2018

29.11.2018

Et ass schonn Traditioun! All Joer geet d'Réiser Schoul op d'Kockelscheier op d'Schlittschongpiste. Wéi all Joer hate mir erëm vill Spaass. Kuckt selwer!
Merci dem Sportsgrupp fir d'Organisatioun, dem Guy fir den Transport, der Gemeng fir d'Erméiglechen, an den Elteren di gehollef hunn.



Film Peer Mediatioun

27.07.2018

Eis aktuell Streitschlichter hunn ënnert der Leedung vum Conny Scholler, Nadine Sunnen a John Welter e Film gedréint fir ze erklären wéi eng Mediatioun ofleeft!

Dir kënnt iech dëse Film ënnert folgendem Link ukucken:
Médiateurs

Merci Conny fir deng super Aarbecht beim Schneiden vum Film, a Merci all de Streitschlichter déi an hirer Fräizäit an d'Schoul komm sinn fir dëse Film ze dréinen! Wat en Engagement!



Klass Nestler: gutt ukomm

04.07.2018

De Cycle 3.2 vum Jennifer Nestler ass gutt an der Colonie ukomm!
Vill Spaass!



Schoulfest

29.06.2018

De 6. Juli ass erëm ab 16. Auer eist traditionnellt Schoulfest am Krautemer Schoulhaff!
Mir soen der colonies de vacances a.s.b.l villmools Merci fir d'Organisatioun!
Wéi all Joer ass fir Iessen a Gedrénks gesuergt.
Ausserdeem hu mir:
- Spiller
- Bodykicker
- Spektakel
- Facepainting
- Candy-Spießer
- Tombola
- Buttons

Mir freeën eis op iech!
 Affiche.pdf (1.95 MiB)



Gutt zu Bitburg ukomm

25.06.2018

Klasse Braun a Jung si gutt zu Bitburg ukomm.


Les classes Braun et Jung sont bien arrivées à Bitbourg.



Besuch vum Yannis Bastian

20.06.2018

De Yannis Bastian huet mat sengem Vëlo en Tour ronderëm d'Welt gemeet.
E wor op 5 Kontinenter, a 37 Länner an huet am ganzen 32.187 km zeréckgeluecht.
Hien huet de Kanner vum Cycle 4 gezielt, wéi en op déi Idee komm ass an wat en esou alles op senger Reess duerch d'Welt erlieft huet.
Et wor immens interessant an et huet de Kanner ganz gutt gefall.

Weider Informatiounen kann een nach op Facebook fannen:
Yannis' World Cycling Adventure



Colonie C4

20.06.2018

Dem Tom Dosser an dem Olivier Rodesch hier Klasse si gudd zu Esch-Uelzecht ukomm. 



Geschécklechkeetsparcours

13.06.2018

Och dëst Joer haten d'Kanner aus em Cycle 4 aus der Réiser Schoul erëm d'Chance un engem Geschécklechkeetsparcours, dee vum John Welter op d'Been gestallt gouf, Deel ze huelen. D'Kanner konnten e bëssen mat hirem eegene Vëlo fir d'Coupe scolaire üben andeems se verschidden Atelieren mam Vëlo hu missen duerchfueren (Slalom fueren, iwwert e Briet fueren, schaf bremsen, mam John a mam Olivier duerch d'Cité fueren,...). Dëst Joer ass de John tatkräfteg vun der APE ënnerstëtzt ginn.

Nei wor dëst Joer, datt d'Kanner de Vëlo deen Dag vum Geschécklechkeetsparcours scho kontrolléiert kruten. Wann eppes net an der Rei wor kruten d'Kanner en Ziedel mat heem, wou drop stoung wat nach misst fir den Dag vun der Coupe scolaire um Vëlo gemaach ginn.

D'Kanner vum Cycle 4.2 kréien och dëst Joer erëm e Führerschäin vun der APE iwwerreecht.

Mir soen em John Welter, em Olivier Rodesch, dem Gyl Nicolas, der APE an den Elteren déi gehollef hunn villmools Merci fir hir Hëllef. Ouni si wier déi flott a wichteg Aktivitéit net realiséierbar gewiecht.



Fussballturnéier

31.05.2018

Freides virun der Vakanz stoung d'Réiser Schoul ganz am Zeechen vum Fussball!
De Sportsgrupp hat e wonnerbart Fussballturnéier fir eis Schüler organiséiert!
Mir hate vill Spaass!



Liesung mat der Mme. Viviane Daman

09.05.2018

De Mediathéiksgrupp hat eng Liesung mat der Madamm Daman organiséiert fir de Cycle 3 + 4.
Hei e puer Fotoen!
Merci der Equipe aus der Mediathéik fir hiren Asaz!



Eischt Viregt Nächst Lescht