Wat mir brauchen: En halleft DIN A4 Zeecheblat, e Bläistëft a Molstëften. Bei de Welle molen hate mir ëmmer vill Spaass. - D' Welle molen An d' Mëtt vum Blat ( den héichen oder de breede Wee ass egal ) gi fënnef bis siwe Wellen ( wéi um Mier ), oder och eng dekorativ Well ( ënne ronn ueweniwwer spatz ) gemoolt. Zwee bis dräi Zentimeter dovun ewech a méi oder wéineger gläicher Distanz, mat engem ähnleche Verlaf déi nächst Well drënner molen, an esou weider ... Dat selwecht iwwert der éischter Well no uewe man. - E gudde Rot Do wou zum Schluss keng ganz Well méi op d' Zeecheblat kënnt, schubse mir e Schreiwmaschinnspobeier e bësschen ënnert eist Zeechenblat a kënnen esou besser ( ee Stéck op der Zeechnung an ee Stéck um Pobeier )" mat de Welle parallel bleiwen. - D' Fierwen Beim Fierwen ass dann nëmmen nach opzepassen datt no uewen a no ënne keng Welle mat der selwechter Faarf däerfen unenee stoussen. Gefierwt gëtt eng " bande " no däer aner, liicht op d' Faarwen drécken a kleng Strécher niewentenee molen.
|