Hei wielen!


    Zu der Weid

Wat mir brauchen: Tapéit ( 1,5 m x 0,5 m ), e Bläistëft a Gouache-Faarwen.

- Wéi et zu däer Zeechnung koum
Dës grouss Molerei ass méi oder wéineger dem Zoufall ze verdanken. Bei richtegem Abrëllswierder huet den Himmel sech bedreelech staark verdonkelt, an duerch eng kleng Spléck an de Wolleken huet d' Sonn op d' Wise geschéngt, esou datt d' Gras grellgréng geliicht huet.

Dat wäer et jo nach net gewiescht, ma eng iwwer zwanzeg Joer al Weid déi direkt nieft der Schoul steet, huet sech mat hire jonke Schëtz wéi dohigemoolt vun deem Hannergrond ofghuewen.

" Dat do misste mir molen ", huet ee Schüler geruff.

- D' Resultat gesidd der hei
Dräi däer " Tableauen " gouwen an dräi Gruppen ugefäerdegt.

Fir d' éischt ass driwwer beroden gi wie firwat zoustänneg wäer, eng Skizz gouf ugeluecht, wie moolt um Himmel mat, wien un de Wisen, wien den Bamstamm an wien d' Knospen.

Et war en herrlecht Geschnadders am Sall. Keen huet Schlapp gemat. D' Gruppen hu sech ennertenee weidergehollef, jee 't war e Genoss.

Vill Stonne si vergaange bis mir et geschafft haten.

D' Méi huet sech gelount !



Zréck zum
HAAPTMENU