Hei wielen!


            Zu der Technik


Fir d' éischt gouf dat gewielte Motiv virgestallt. Hei war ganz besonnesch intressant de Schüler hir Äusserungen, Feststellungen, Virschléi a Kritik.Den Opbau vun deenen eenzelne Biller ass de Schüler kloer an däitlech a kuerzen Hiwäise matgedeelt ginn.

- De Bildopbau
Et huet sech beim Bildopbau haaptsächlech ëm Angaben zu Gréisst, Formen a Figuren, Hannergrond, Haaptsaachen(Virdergrond) a Raumopdeelung gehandelt.

- De Format
Wat fir eng Gréisst huele mir fir ze molen: e grousst Blat DIN A4 / DIN A 3
vläicht dach léiwer Tapéit oder nach méi e grousse Pobeier
't geet awer och méi kleng ( 1/2 DIN A4 )

- Wat fir Formen:
( Quadrat, Rechteck, Dräieck, Krees, Parallelogramm oder Raut ) loosse sech gutt erkenne respektiv gebrauche fir eis Zeechnung ze organiséieren.

- Wat ass Hannergrond ?
Dat ass alles wat zu de Saachen, de Mënschen, den Déieren an de Planzen um Bild gehéiert ( alles dat bleiwt also emol fir d' éischt wäiss ) !

- Wat ass dann elo Virdergrond ?
Ma eben d' Saachen, d' Mënschen, d' Déieren an d' Planzen ( si ginn nom Hannergrond gefierft ) !!!

- Raumopdeelung
Zu der Raumopdeelung ass ze soen datt et wichteg war ze gesinn: d' Gréissteverhältnis zu enee vu Saachen, Mënschen ( Kanner an Erwuessener ), Déieren, Planzen asw.Och wéivill Plaz si an der Zeechnung sollten anhuelen ass bei der Raumopdeelung beschwat ginn.

Ma elo awer emol probéiert !



Zréck zum
HAAPTMENU