Hei wielen!


  Zu de Portraiten


Wat mir brauchen: En halleft DIN A4 Zeecheblat, e Bläistëft a Gouache-Faarwen aus der Fläsch.

A

- Ech mole mäin Noper ( 5./6. Schouljoer )

Fir d' éischt kucke mir eis géigesäiteg un.Mir gesi Besonderheete wéi: Hoerfaarf, Aefaarf, Kappform, Ouren, asw. ...

- Méi genee vergläichen !!!
Kappform: dräieckeg, ronn, quadratesch, rechteckeg, eeërförmeg, ... ( mir probéieren dës Formen ze molen )

Aeform: grouss op, kleng, schmuel op, ronn, uewe flaach, ënne flaach, ... ( mir probéieren )

Nuesform: enk, breet, kuerz, laang, breet Nueslächer, kleng Nueslächer,...

Oueren: grouss, kleng, platt uleien, ewech stoen, ...

Mondform: ronn, breet, weder ronn nach breet, ...

Iewecht Lëpseform: schmuel, geschwongen, eckeg, breet geschwongen, breet eckeg, ...

Ënnescht Lëpsen: schmuel, breet, déck, dënn, ( probéieren )

- D' Andeelung vum Kapp :
Oueren an Aen +/- an der Mëtt vum Kapp molen.

Ënneschte Rand vun der Nues +/- an der Mëtt vun däer ënneschter Halschent vum Kapp.

D' Lëpsen tëschent dem ënneschte Rand vun der Nues an dem Kënn molen.

Dann d' Hoer zeechnen !

B

- An elo un d' Aarbecht !
E Gesiicht mole mat enger Klass verlaangt vill Übung an Ausdauer !!!

- Wéi mir et gemat hunn
Mir haten duerfir all Kéier 2 Stonnen zesumme geluecht ( ofwiesselnd mam Bastelen all 14 Deeg ).

- Eng Virbereedung gouf gemat
Dann hu mir nach lescht Verbesserunge virgeholl.

- Endlech war et un de Faarwen
Den Hannergronn hu mir fir d' éischt gemoolt. Jee no der Faarf déi fir de Kapp gewielt gouf hu mir den Hannergrond vun uewen no ënnen, donkel no hell oder hell no donkel getéint.

De Kapp selwer as an zwou Halschenten ze gesinn, an zwar sollten zwou Nuance vun däer selwechter Faarf, déi no beienee leien, gebraucht ginn. Eng dovu fir lénks an eng fir riets. D' selwecht virgoe bei der Stir, der Nues, de Lëpsen an dem Kënn.

Den Iwwergang vun deenen zwee Faarftéin, vu lénks no riets naas an naas molen.

Och d' Hoer gi vu lénks no riets naas an naas gemoolt, sou datt den Iwwergang vun deenen zwee Faarftéin kaum ze erkennen ass. Duerch de luesen Iwwergang wierkt Gesiicht plastesch.

Feinheeten esouwuel wéi Schieter un Hoer, Aen, Nues a Kënn ginn zum Schluss ugeluecht ! Mat Virsicht !

Dat war geschafft ! Uff !



Zréck zum
HAAPTMENU