Wat mir brauchen: En eidelt Joghurt-Dëppchen, Pap, Holzläim, Uhu, Woll, al Zeitungen a Gouache-Faarwen. - Den Ënnerbau Ronderëm d' Joghurt-Dëppchen e Pobeier-Réng pechen. Opgepasst, dee Réng soll net um Dëppchen ugepecht ginn, well mir huele jo spéider gären de Pappmâché-Kapp vum Dëppchen erof. De Buedem vum Dëppche peche mir mat méi oder wéineger schmuele Sträife kräiz a quier un dem Pobeier-Réng och nach zou. D' Fangere wäschen ! - De Réibau Elo mat décke Wollfiedem, déi ëmmer erëm mat Holzläim beschmiert ginn, eng Boule wéckelen, wéi se eis gefällt ! Holzläim dréchent zimlech séier ( -> +/-10min ), beim Kaf op der Dous kucken. D' Fangere wäschen ! Et kann direkt weider geschafft ginn ! - De Kapp formen Zeitungsschnëppele mat Pap mëschen an op d' Form oppechen. ( Wann een net ze vill Pap hëlt an dofir méi Schnëppelen, da kritt een eng richteg formbar Mass. Doduerch datt een dee ganze Kapp op dem Joghurt-Dëppchen hierstellt, kann een ëmmer erëm ofsëtzena mat zwou Hänn schaffen. - Eenzelheeten - D' Ae sinn duerch zwou Verdéiwungen ( liicht drécken ) ze maachen, - D' Aperhoer, d' Nues ( jee no Loscht laang, kuerz, kromm ... ), Mond, Oueren a Kënn ginn aus Pappmâché-Strullen geformt an dann opgesat. - Onschéin Usätz ginn einfach mat Zeitungspobeier, gutt gepapt, verschwanne geloss. Dee ganze Kapp kann esouguer nach ausgebessert ginn a schéin glat geformt ginn. - Als Hoer nach déck Wollfiedem oppechen. - De Pappmâché-Kapp gudd dréchne loossen. - D' Fierwen E puer Deeg méi spéit eréischt bemolen ! Net mam Pinsel ze laang op enger Plaz kreesen ! |