Wat mir brauchen: En halleft DIN A4 Zeecheblat, e Bläistëft a Gouache-Faarwen aus der Faarwekëscht. - Fir d' éischt En Ouschteree molen ass net ganz einfach ! - Eise Wee Mir hu folgende Wee gewielt: Fir d' éischt e grousse Rondel ( dem Blat ugepasst ) an dann e mëttelgrousse Rondel dropp gemoolt ( erënnert e bësschen un e Schnéimännchen ). Déi zwee Kreeser mat enger Linn ëmschléissen datt eng Eeërform ze erkennen ass ( et ka belibeg oft nogebessert ginn; erstaunlech ! mat wéivill Geschéck d' Kanner dat Nobessere meeschteren ). - Dekoréieren D' Ee selwer gëtt konterbont dekoréiert mat " Bandten ", Zick-Zack Motiven, Punkten, kleng Landschaftsszenen, Hiesecher, asw. Oppasse beim Mole keng ze kleng Saache molen, well si spéider schwéier ze fierwe sinn. - D' Fierwen Beim Fierwen huele mir déi eis bekannte Method: Hannergrond fir d' éischt; d' Saachen , d' Motiven, asw. ( also de Virdergrond ) fir d' lescht fierwen. Reng Pinselen huelen an och oft ausspulle fir propper Faarwen ze behalen. - An zum Schluss Wann d' Eeër fäerdeg sinn, gi se ausgeschnidden. Op Tapéit e graasgréngt Nascht molen ( hei ass der Léierin / dem Schoulmeeschter hir / seng Hëllef gefrot ). D' Eeër op d' Tapéit oppechen an am Schoulsall ophänken. Elo kann Ouschtere kommen ! |