Hei wielen!


    Zu de Faarftéin


Wat mir brauchen: En halleft DIN A4 Zeecheblat, e Bläistëft a Faarwen aus der Molkëscht.

- E bësschen Theorie
Hei gesäit et op den éischten Abléck streng aus. Ma d' Muster fir d' Faarwen an dräi, véier an och méi Stufen duerzestelle kann op ganz verschidde Mannéiere gezeechent ginn.

Dräi bis véier Streifen a fënnef bis sechs Quadraten ënnerdeelen ( fir méi Faarwe gläichzäiteg ze gebrauchen ).

Oder eng Diagonal molen an op dëser Linn, lénks a riets, senkrecht dräi Zentimeter breet Bandten niewenteneen zeechnen ( fir zwou Faarwen ze gebrauchen ).

Besonnesch intressant hunn déi Molereien ausgesinn déi op enger Sträif vun hell bis donkel an dann op der Sträif dernieft vun donkel bis hell gefierft gouwen.

- D' Fierwen
Dës Zeechnung war fir spéider am Molen eng nëtzlech Experienz an et huet vill Spaass gemat fir een Toun erop oder een Toun erof ze " stufen " ( oder ze treffen ), an zwar esou datt dee nächsten Toun net zevill an dach genuch getéint war. Mir hunn alt bis zu aacht Téin gebraucht !


D' Resultat léisst sech secher weisen !



Zréck zum
HAAPTMENU