Hei wielen!


    Zu der Schnéilandschaft


Wat mir brauchen: En halleft DIN A4 Zeechenblat, e Bläistëft a Gouache-Faarwen aus der Molkëscht.

D' Konstruktioun
Vu lénks no riets eng schif Linn zur Mëtt no ënnen. Vu riets dat selwecht.

Formen: Krees, Dräieck, Quadrat a Rechteck fir d' Beem, d' Haiser, d' Persounen a Saache gebrauchen. Ganz bewosst ginn Eenzelheeten net gemoolt.

Den Hannergrond
Den Himmel ass a ganz liichtem Blo gehalen ( blo a wäiss +/- 1:5 )

Nach vill méi hell ass d' Schnéilandschaft ( de Buedem ) ze molen. Hei éischter wäiss pur gebrauchen an ( naass an naass ) eng klinzeg Pinselspëtz blo drënner zéien ( awer net ze vill drawullen, soss ass déi ganz Wierkung erëm fort ).

De Virdergrond
D' Beem, d' Haiser, d' Persounen an d' Saache fierwen; dann awer opgepasst, beim " finissage " gëllt d' Iwwerleeung: Wou läit bei de Beem, den Haiser, de Persounen an de Saache Schnéi drop?!

Et sinn dës Plazen: Op den Äscht, op den Diech, op de Fënsterbänken, op de Gaardemaueren, op de Käpp, op dem Schlitt asw. Fir datt se sech gutt vum Rescht ofhiewen, dës Plazen och mat engerklinzeger Pinselspëtz blo ënnersträichen. Elo nach am Himmel schéi reng Schnéiflacke molen.

" Summer " ( 3. Schouljoer ) och ukucken.



Zréck zum
HAAPTMENU