Wat mir brauchen: En halleft DIN A4 Zeecheblat, e Bläistëft a Waasserfaarwen aus eiser Molkëscht. D' Motiv An däischterer Nuecht, eng Angschtsituatioun, en Dram. Si sollten hirhale fir dës Zeechnung.Allerdéngs hu keng Comic-Figuren dierfen ofgemoolt ginn. D' Gespenst huet esouwuel léif ( mat méi ronne Linnen ) wéi och grujeleg ( mat méi eckege Linnen ) konnen duergestallt ginn. Den Hannergrond Den Hannergrond sollt schwaarz gefierft ginn. D' Gespenst Sollt jee no der Wiel mat rouege Mëschfaarwen, respektiv mat méi aggressiv wierkende Faarwe pur gemoolt ginn. Net ze vill Klengegkeete molen ! Si maachen d' Fierwen heiansdo onnëtz schwiereg ! Alles an allem: einfach. |