Wat mir brauchen: En halleft DIN A4 Zeecheblat, e Bläistëft a Gouache-Faarwen. - D' Virbereedung Et war eng Zeechnung fir déi, déi gäre séier wëllen an och séier kënne molen. En laanggezugenen Oval, uewe mat engem Stréch ofgeschnidden ( fir eng Gesiichtsmask ), zwee Rondelen an der Mëtt verbonnen, plus Aen ( fir eng Aen-Mask ). - Ae molen ( respektiv Nues an Mond ) - E Lastik vir d' Mask unzedoen. - Den Hannergrond Den Hannergrond mam Pinsel ( Nº 8 / Nº 10 ) " tuppen ". Dobäi mindestens zwou oder dräi Faarwen déi zesumme gehéieren ( " Famill sinn " ). rout - giel Net vergiessen naass an naass ze molen. D' Resultat ass net iwwel ! |