Hei wielen!


    Zum Molen


- Eng Auswiel vu Biller an Zeechnungen
Bei deene Biller an Zeechnungen déi Dir Iech hei ukucke kënnt handelt et sech gréisstendeels em eng Auswiel vu Biller an Zeechnungen déi sech am Laf vun de Joeren an eisem Molschaf ugesammelt hunn.

Si gouwe vergiess oder konnten net mat heem geholl ginn, well se ze grouss oder well et Gruppenaarbechte waren.

Si si mat einfachste Mëttel entstanen an hunn eis vill Freed gemat. Dat wichtegst war virun allem d' Freed um Molen ze stimuléiren, ze encouragéiren an ze erhalen.

- Faarwen
Als Faarwen hunn d' Schüler meeschtens d' Gouache-Faarwen aus der grousser Plastiksfläsch oder awer och hir eege Faarwekëscht gebraucht. Si si ganz einfach ze handhaben a sinn net deier.

- Deckelen
D' Faarwe kruten d' Schüler op Deckele vu Plastikskëschte gemat ( wou Liewensmëttel dra waren ). Si sinn um Schluss vun der Stonn séier erëm gespullt.

- Pinselen
Gemoolt gouf mat Pinselen Nº 2, 4, an 8. Bei gréissere Billerformaten hu mir och emol méi breet Pinselen an esouguer richteg Faarfbiischte geholl.

- Dëppecher
D' Waasser hu mir a Joghurtsdëppecher gefëllt.( circa 2 cm / gouf oft erneiert )

- Eng al Lomp
Fir d' Fangeren ofzeman, kleng Zwëschefäll ze besäitegen an d' Pinselen ze botzen, hat jiddereen eng Mollomp bei sech.

- Eis Bänk
Eis Bänk hu mir natiirlech ofgedeckt mat enger aler Zeitung, déi spéider ëmmer erëm gebraucht ginn ass.


Nujee, d' Aarbechtsplaz virbereeden an d' grouss Botz gehéieren eben derzou !



Zréck zum
HAAPTMENU