Hei wielen!


    Zum Linodrock


Wat mir brauchen: Onbedéngt e Schnëtzmesser-Set ( Grond-Set mat 6 Messeren ) fir jidder eenzelne Schüler. Lino ( vun der Rull ) am Fachgeschäft besuergen; - war zimlech deier. Plooschtere prett halen; - gouwen awer net oft gebraucht.

- De Lino " schneiden "
De Lino hu mir mat engem Cutter an engem Metalllineal ugerëtzt a Stécker vun dräizéng op aacht Zentimeter " gebrach " ( fir den Ufank, am véierte Schouljoer, ass dat grouss genug; am fënneften op halleft DIN A4, an am sechsten op DIN A4 iwwergoen ).

- Eng Virbereedung man
Op e Blat Pobeier vun 13 cm x 8 cm mole mir eis Virbereedung, déi gëtt ëmgedréit mam Original no ënnen op eise Lino geluecht an dann, hannen um Réck mam Bläistëft gerubbelt, op de Lino iwwerdroen. D' Virbereedung fir spéidert Nozeechne gutt versuergen ! Op eiser Linoplack hu mir elo eist Motiv de falsche Wee, ma keng Angscht beim Drock gesi mir et erëm de richtege Wee.

- Un d' Aarbechtsplaz denken
Geschafft gouf op enger aler Zeitung. No der Stonn hate mir esou séier d' Schnëppelen an der Dreckskëscht.

- De Linoschnëtt
Duerch Linne rëtzen, kleng Strécher, Kräizer, kleng Punkten, wäit oder no beienee rëtzen, hu mir eis lues a lues mam Linoschnëtt vertraut gemat. Ganz oft hu mir geübt ëmmer vun eis ewech ze schaffen an eis net ze no iwwer eis Aarbecht ze halen.

Eng Hand hält d' Messer an déi aner d' Linoplack, ma gutt opgepasst déi aner Hand läit ëmmer hannert der Hand déi d' Messer hält.

Mir ginn ëmmer nom Motto vir, wat spéider soll faarweg gedréckt gi muss bleiwen, däerf also net erausgeschnëtzt ginn. Wat awer wäiss um Blat soll bleiwen, muss erausgeschnidde ginn. Kleng Knubbele léisst ee sinn, grad si sinn typesch fir de Linodrock.

- Den Drock
Als Drockfaarf hu mir Gouachefaarwen aus der Plastiksfläsch gehol, déi hu mir op enger glater Plack ( 40 cm x 40 cm ) mat enger Gummirull ( aus dem Fachgeschäft ) platt gerullt. Mat der selwechter Rull, mat net ze déckFaarf drop, si mir dann iwwert eis Linoplack gerullt. Elo d' Linoplack ëmdréien, um Rand upaken, op d' Zeecheblat leeën, net dru wibbelen a mat der Rull driwwer rullen.

- Opgepasst
Net ze oft an ze laang driwwer rullen, soss pecht d' Faarf um Zeecheblat fest ). Da kann et virkommen datt Stécker vum Zeecheblat mat lassgerappt gi wann een d' Plack ophiewt.

Flott waren déi gedréckte Saachen !

Et ass och intressant déi selwecht Linosplack an zwou oder dräi Faarwe liicht versat niewent eneen ze drécken.

Linoschnëtt ass cool !



Zréck zum
HAAPTMENU