Hei wielen!


    Zu der Molerei nom Keith Haring


Wat mir brauchen: En DIN A3 Zeecheblat, e Bläistëft a Gouache-Faarwen aus der Plastiksfläsch.

-Mam Bläistëft
Figuren ouni Eenzelheete molen:
- fir de Kapp geet e Rondel duer,
- un de Rondel e klenge Quadrat als Hals
- en eppes méi grousse Rechteck als Bauch
- zwee laang, schmuel, gebéite Rechtecker als Äerm
- zwee Rondelen als Hänn
- weider zwee laang, schmuel, gebéite Rechtecker als Been
- zwee Ovale fir d' Féiss
- elo nach dat Ganzt mat enger eleganter Linn afaassen. Fäerdeg !

D' selwecht virgoe fir en Déier ze molen.

- Dann d' Faarf
Hei konnten d' Faarwen endlech emol richteg pur gebraucht ginn.

Den Hannergrond gëtt dann och an enger Faarf pur ugeluecht.

D' Figur ebenfalls, wou awer ronderëm och nach eng zimlech konstant breet Linn kënnt.

D' Beweegung entsteet duerch déi zwee oder dräi typesch, schwaarz, kuerz Strécherop de Gelenker.

Flott an einfach, einfach flott !



Zréck zum
HAAPTMENU